Radioen

On air

Concert  |  "Klangrausch"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steve Thull: Kee Verständnis fir d'Reprochen vun der CGFP an dem SPAL

Arméi

Steve Thull: Kee Verständnis fir d'Reprochen vun der CGFP an dem SPAL

E Bewäertungssystem, deen iwwer d'Avancementer an de militäresche Graden entscheet, wär "dat aller-normaalst, dat et an enger Arméi gëtt" an och gängeg Praxis an allen Arméien vun den NATO- an EU-Länner. De Generol Steve Thull huet kee Verständnis fir d'Reprochen, vun der CGFP an dem Arméi-Syndikat SPAL am Zesummenhang mat der Evaluatioun.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow
De Steve Thull ass Chef vum État major vun der Lëtzebuerger Arméi (Foto: Chris Zeien)

D'CGFP hat der Regierung virgehäit mat deem Bewäertungssystem, och wann déi Evaluatioun keen Afloss op d'Pai huet, hiren Engagement ze briechen, all Evaluatioun am ëffentlechen Déngscht ofzeschafen.

Der Responsabilitéit gerecht ginn

Ee wichtege Punkt wier awer ze kucken op d'Cheffen hirer Responsabilitéit kënne gerecht ginn an ee sech op si verloosse kann, erkläert de Chef vum État major vun der Lëtzebuerger Arméi, Steve Thull. Wann ee géif maache wat d'CGFP an de SPAL froen, kéint dat net garantéiert ginn.

"En 3-Stären-Offizéier ass e Kapitän, deen eng Responsabilitéit huet iwwer 130 Leit. Stellt Iech vir, et geet alles automatesch, da steet dee virun 130 Leit an huet ni geléiert an hätt d'Kompetenzen net fir dat kënnen ze maachen. Dat ass dat wat een op anere Plaze géif "Etiketteschwindel" nennen."

Dier op fir nei Rekrutementer

An der leschter Chamberssëtzung vun dëser Legislaturperiod sollen nach siwe Gesetzprojeten evakuéiert ginn, dorënner deen iwwer d'Organisatioun vun der Arméi.

Mat deem Gesetz ginn d'Diere fir nei Rekrutementer opgemaach. Déi sinn ënner anerem néideg fir d'NATO-Engagement kënnen anzeléisen, bis 2028 zesumme mat der Belsch e gemeinsame Batailloun op d'Been ze stellen.