Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dolly Parton - Jolene

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Schued datt de Privatsecteur an der Chamber ënnerrepresentéiert ass"

Barbara Agostino

"Schued datt de Privatsecteur an der Chamber ënnerrepresentéiert ass"

D'Barbara Agostino ass fir den neie Familljeminister Max Hahn an d'Chamber nogeréckelt. Si bedauert, datt net méi Leit aus dem Privatsecteur am Parlament vertruede sinn. Si bedauert, datt net méi Leit aus dem Privatsecteur am Parlament vertruede sinn. Dat sot déi nei DP-Deputéiert de Moien am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Si selwer huet e Grupp vun 21 Crèchen opgebaut a geréiert, dee se zejoert verkaaft huet, an ass elo Forain.

Profiller wéi hiert wäre rar geséint, an der Lëtzebuerger Politik an dat wier schued, sou d'Barbara Agostino.

"Well déi hu jo och eng reell Erfahrung vum Terrain. An dann hutt Der jo och ganz jonk Politiker, déi elo schonn an der Chamber setzen. Déi ni eppes anescht gemaach hunn wéi Politik. An ech weess net ob dat ëmmer sou genial ass."

Grouss politesch Ambitiounen

Mat hirer berufflecher Erfarung am Réck huet si decidéiert, sech richteg an d'Politik ze lancéieren. Mat groussen Ambitiounen: si wéilt gär Educatiounsminister ginn, hat d'Barbara Agostino dem Paperjam d'lescht Fréijoer an engem Interview verroden. Mat där Ausso huet de Maurice Molitor déi nei Deputéiert de Moien hei op Antenn confrontéiert.

"Elo soen ech et fir d'drëtt a fir d'lescht... De Paperjam huet mir eng ganz konkret Fro gestallt: Wat ass Ären Dram-Ministère? Doheem sinn ech geléiert ginn, d'Lat méiglechst héich ze leeën. An dat ass fir mécht Educatiounsminister."