Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Sharon Van Etten - Idiot Box

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Roy Reding: Lëtzebuerg ass eng Natioun vu Prisonéier

Chamberwalen

Roy Reding: Lëtzebuerg ass eng Natioun vu Prisonéier

D'ADR wollt hiren Deputéierte Roy Reding net méi mat an d'Walen huelen. Doropshin huet dee seng eege Beweegung gegrënnt, ënnert dem Numm "Liberté - Fräiheet!" geet déi nei Beweegung den 8. Oktober mat an d'Walen. Den Numm ass Programm.

auto_stories

2 min

Et geet der Beweegung an der Haaptsaach dorëm, déi, hiren Aussoen no, omnipresent Aschränkunge vun de perséinleche Fräiheeten unzeprangeren an ze bekämpfen. De Roy Reding betruecht dat aktuellt Lëtzebuerg als eng Natioun vu Prisonéier.

D'Beweegung "Liberté - Fräiheet!" ass zouversiichtlech an alle Bezierker mat komplette Lëschten untrieden ze kënnen. D'Lëscht am Norde géif scho stoen, seet den Deputéierten. An den anere Bezierker kéimen all Dag nei Kandidatinnen a Kandidate bäi, dorënner och bekannt Gesiichter an Iwwerraschungen. Nimm wollt de Roy Reding awer keng nennen.

E Vëlkeschen Discours

De Roy Reding huet och mat senger fréierer Partei ADR ofgerechent. Virop mam President Fred Keup.

Zanter datt de Wee 2050 an d'ADR integréiert gouf hätt sech den Toun vun der Partei, souwuel intern am Féierungsstil, wei och no bausse geännert. De Roy Reding schwätzt vun engem vëlkeschen Discours. D'Bundeszentrale für politische Bildung definéiert de Begrëff als radikal - nationalistesch Astellung a wichteg Stréimung vum Rietsextremismus. De Roy Reding mengt mat vëlkeschem Discours, datt alles nëmmen op engem Land säin eegent Vollek bezu gëtt.

"An ech denken, datt dat ee vun de Feeler ass. Et kann een Ostalgiker si par Rapport zu der DDR, an ech menge mir hunn hei Nostalgiker fir e Land, dat et einfach esou an deem Sënn net méi gëtt an ni méi wäert ginn, a wou einfach gewëss Realitéite verkannt ginn."