Déi nei Sozialschäffen Corinne Cahen plädéiert fir eng differenzéiert Approche am Ëmgang mat der Mendicitéit. Leit déi op der Strooss liewen hu ganz verschidde Problemer, seet si. Et wier falsch ze soen, datt een oder eppes eleng all déi Problemer kéint léisen.
"Dat heescht weder den Heescheverbuet wäert déi kënne léisen, nach d'Police eleng wäert déi kënne léisen. Mee mir mussen do kucken, differenzéiert un d'Saachen erunzegoen. Bis 2030 wëlle mer keng Obdachlosegkeet méi an Europa: dat ass een Deel. Een, deen en Doheem huet an deen och dezent liewe kann, dee brauch net heeschen ze goen zum Beispill."
Méi Raum fir sozial Froen?
Mam Paul Galles vun der CSV géifen am neie Schäfferot zwou Persounen setzen, déi fir sozial Froen méi sensibel sinn. Ob dat eppes ännere wäert, weess d'Corinne Cahen den Ament nach net.
D'Heescheverbuet kënnt och net an der Schäfferotserklärung vir. Si geet dovun aus datt d'Decisiounen, déi vun der selwechter Koalitioun an der Vergaangenheet geholl goufen, bestoe bleiwen.
"Net wëlles, séier nees domat opzehalen"
E Retour an d'Regierung no de Walen vum 8. Oktober wéilt d'Corinne Cahen net kategoresch ausschléissen:
"Ech sinn elo den Engagement agaange fir Stater Schäffen ze sinn, an ech hunn net Wëlles dat esou séier nees opzehalen."
Wa si rëm géif an d'Regierung goen, wier dat awer "op guer kee Fall" am Familljeressort, ënnersträicht d'Corinne Cahen.