An deenen Avisen, hätt de Conseil d'État allerdéngs och eng Rekordzuel vun formellen Oppositioune misse formuléieren. Fir de Christophe Schiltz géif dat drop hiweisen, datt d'Qualitéit vun den Texter ofgeholl hätt a se och net ëmmer Verfassungskonform wieren.
"Do ginn et Schwieregkeeten, mee do kann ee sech - wann déi nei Regierung en place ass - zesummesetze fir e bëssen ze kucken, wéi een dee Prozess verbessere kéint, ob een net an den eenzele Ministère Leit designéiere soll, déi sech méi am Detail domat beschäftege kéinten."
Dat wier awer un der Regierung ze decidéieren, fënnt de Christophe Schiltz. D'Zesummespill tëschent Regierung, Chamber a Staatsrot kéint sech nach a ville Saache verbesseren, fir de Prozess ze acceleréieren.
De Staatsrot bräicht méi Personal
De President vum Staatsrot betount awer och, datt et net dorëm geet, séier Texter ze maachen, mee gutt Texter ze maachen.
Fir der Aarbecht besser Meeschter ze ginn, freet hien no zousätzlechem Personal. Aktuell ginn et 21 Memberen am Staatsrot. Méi Mataarbechter am Sekretariat vum Staatsrot wieren also méi nëtzlech wéi méi Memberen.
"Net ganz d'Realitéit"
Datt de Staatsrot de legislative Prozess géif ophalen, wier fir de Christophe Schiltz einfach gesot. De Christophe Schiltz huet d'Impressioun, datt elo e Sport draus gemaach gëtt, ze soen datt de Staatsrot Schold wier, datt et manner séier géif viru goen. Dat wier aus der Siicht vum Staatsrot net ganz d'Realitéit.
"Et erënnert mech e bëssen un d'national Politik, wa se sech wollt hannert eppes verstoppen, da gouf ëmmer gesot Bréissel wier Schold."