Dobäi sollt ee sech net just op de Medailespigel fixéieren. Woubäi sech bei de Medailen ee Constat opdrängt. Just dräi vun de 16 Lëtzebuerger Goldmedailen si vun Damme gewonne ginn.
Et misst een awer relativéieren, seet den Alwin de Prins. Déi Medailen, déi et do am Eenzele gi sinn, vu Patrizia van der Weken am Sprint a vum Lena Bidoli am Trapschéissen ware mat déi Top-Leeschtungen op dëse Spiller. Elo misst een d'Analys maachen, ob et wierklech een Ënnerscheed tëscht Männer a Frae gëtt a firwat et dee gëtt.
Schliisslech wier a verschiddene Sportaarten d'Elitt guer net derbäi gewiescht, well déi sech op aner Evenementer wéi d'European Games an d'Olympesch Spiller virbereeden. D'Athlete géifen zesumme mam COSL decidéieren, wéi eng Kompetitioun Prioriéit huet, woubäi déi héchstwäerteg Competitioun ëmmer Prioritéit hätt, sou nach den Alwin de Prins.