Am warscheinlechste wier, datt ee sech mat der LSAP, deene Gréngen an eventuell de Kommuniste géif eens ginn. Mee och eng Zesummenaarbecht mat anere Parteie wier net ausgeschloss, esou de Gary Diderich.
"Um lokale Plang ass dat heiansdo méi schwiereg ze beäntwerten, well een do och heiansdo mierkt, datt ee sech mat Parteie kann eens ginn, wou een dat net geduecht hätt. Mee et wier awer e grousse Schrëtt fir eis fir do elo nach un aner Konstellatiounen ze denken."
Inhaltlech Akzenter setzen
Dem Gary Diderich no wieren d'Hoffnungen, an de Gemengerot ze kommen, och berechtegt. Hie sot hei op der Antenn, d'Walen zu Déifferdeng wieren "esou oppe wéi nach ni".
"Eng Buergermeeschtesch, déi net erëm untrëtt. Keng wierklech Kandidaten, déi erausstieche fir Schäfferotsresponsabilitéit ze iwwerhuelen. Et ass guer net kloer, wien do wou lant. Et gëtt mengen ech keng Partei, déi do kloer de Stäerkere wäert sinn no dëse Walen."
Déi Lénk hätten d'Zil, fir matzeschwätzen, wann et drëm géing goen, Responsabilitéit ze iwwerhuelen an inhaltlech Akzenter ze setzen, esou nach de Gary Diderich.