Radioen

On air

Notturno  |  Ben Wendel - January

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Lénk hoffen zu Déifferdeng an d'Majoritéit ze kommen

Gemeng Déifferdeng

Déi Lénk hoffen zu Déifferdeng an d'Majoritéit ze kommen

Déi Lénk maache sech zu Déifferdeng Hoffnung, fir an de Schäfferot ze kommen. De Gary Diderich, deen an der Südgemeng fir déi Lénk untrëtt, sot hei op der Antenn, d'Walen zu Déifferdeng wieren "esou oppe wéi nach ni". Déi Lénk kéinte sech dowéinst duerchaus virstellen, sech no de Walen un enger Koalitioun ze bedeelegen.

auto_stories

1 min

Am warscheinlechste wier, datt ee sech mat der LSAP, deene Gréngen an eventuell de Kommuniste géif eens ginn. Mee och eng Zesummenaarbecht mat anere Parteie wier net ausgeschloss, esou de Gary Diderich.

"Um lokale Plang ass dat heiansdo méi schwiereg ze beäntwerten, well een do och heiansdo mierkt, datt ee sech mat Parteie kann eens ginn, wou een dat net geduecht hätt. Mee et wier awer e grousse Schrëtt fir eis fir do elo nach un aner Konstellatiounen ze denken."

Inhaltlech Akzenter setzen

Dem Gary Diderich no wieren d'Hoffnungen, an de Gemengerot ze kommen, och berechtegt. Hie sot hei op der Antenn, d'Walen zu Déifferdeng wieren "esou oppe wéi nach ni".

"Eng Buergermeeschtesch, déi net erëm untrëtt. Keng wierklech Kandidaten, déi erausstieche fir Schäfferotsresponsabilitéit ze iwwerhuelen. Et ass guer net kloer, wien do wou lant. Et gëtt mengen ech keng Partei, déi do kloer de Stäerkere wäert sinn no dëse Walen."

Déi Lénk hätten d'Zil, fir matzeschwätzen, wann et drëm géing goen, Responsabilitéit ze iwwerhuelen an inhaltlech Akzenter ze setzen, esou nach de Gary Diderich.