Den CSV-Schäffen Tom Ulveling huet zouginn, dass hien déi selwecht Meenung zu de Kameraen hätt. Et wier awer schwiereg gewiescht, dee Projet an der Koalitioun mat de Grénge virun ze dreiwen.
"Mir haten e bësse Problemer, an och d'Impressioun, datt mat ugezunnener Handbrems an deem Dossier do géif virgaange ginn. Well mer elo awer scho méi wéi 2,5 Joer driwwer diskutéiere, fir déi Kameraen ze kréien, an et sinn ëmmer erëm nei Oplagen, déi kommen, Avisen. Déi gefrot ginn, dann Avisen zu Avisen. Sou datt et am Fong net schnell virugaangen ass."
Déi gréng Co-Spëtzekandidatin Manon Schütz huet sech awer géint d'Ënnerstellung gewiert, hir Partei hätt de Projet - och opgrond vun Drock vum Policeminister Kox - blockéiert. Dat wier amgaange geplangt ze ginn.
Op d'Nofro hin, ob déi Déifferdenger gréng sech dofir géifen asetze fir de Projet virunzedreiwen äntwert d'Manon Schütz. "Dat soll jo weidergefeiert ginn, wat elo ugefaangen ginn ass."