Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Vata Pitta

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déifferdeng: Weider Diskussiounen iwwer d'Sécherheet am Park Gerlache

Gemengewalen

Déifferdeng: Weider Diskussiounen iwwer d'Sécherheet am Park Gerlache

Als LSAP-Conseiller, a virun allem och als fréiere Polizist, wier hien definitiv der Meenung, datt Iwwerwaachungskameraen ee wichtegt Element wieren, fir de Sécherheetsproblem am a ronderëm den Déifferdenger Park Gerlache an de Grëff ze kréien. Dat sot de Guy Altmeisch am Kader vun enger klenger Table ronde iwwer d'Enjeue vun de Gemengewalen an der drëttgréisster Stad vum Land.

auto_stories

2 min

De Guy Altmeisch (LSAP), d'Manon Schütz (déi gréng) an Tom Ulweling (CSV) (Foto: Chris Zeien)

Den CSV-Schäffen Tom Ulveling huet zouginn, dass hien déi selwecht Meenung zu de Kameraen hätt. Et wier awer schwiereg gewiescht, dee Projet an der Koalitioun mat de Grénge virun ze dreiwen.

"Mir haten e bësse Problemer, an och d'Impressioun, datt mat ugezunnener Handbrems an deem Dossier do géif virgaange ginn. Well mer elo awer scho méi wéi 2,5 Joer driwwer diskutéiere, fir déi Kameraen ze kréien, an et sinn ëmmer erëm nei Oplagen, déi kommen, Avisen. Déi gefrot ginn, dann Avisen zu Avisen. Sou datt et am Fong net schnell virugaangen ass."

Déi gréng Co-Spëtzekandidatin Manon Schütz huet sech awer géint d'Ënnerstellung gewiert, hir Partei hätt de Projet - och opgrond vun Drock vum Policeminister Kox - blockéiert. Dat wier amgaange geplangt ze ginn.

Op d'Nofro hin, ob déi Déifferdenger gréng sech dofir géifen asetze fir de Projet virunzedreiwen äntwert d'Manon Schütz. "Dat soll jo weidergefeiert ginn, wat elo ugefaangen ginn ass."