Radioen

On air

Notturno  |  Sidney Gish - Filming School

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Renée Schmit: Prett fir d'Oktav

Oktav

Renée Schmit: Prett fir d'Oktav

"D'Maria, Zeeche vun Hoffnung an Trouscht" ass d'Theema vun der Oktav 2023, déi den nächste Samschdeg ufänkt. Erausgesicht gouf de Sujet vun der Oktavpriedegerin Renée Schmit, der zweeter Fra, déi mat där Aufgab chargéiert ginn ass.

auto_stories

2 min

Et wier fir d'drëtt gewiescht, datt si vum Kardinol Hollerech gefrot gi wier, déi zéng Priedegten an den Oktavandachten ëmmer wiertes nomëttes um véier ze halen, sot d'Renée Schmit. Mee eréischt dës Kéier hätt si sech prett gefillt, dat och ze maachen. Si wier inhaltlech komplett fräi an deem wat se wéilt soen, misst sech hir Texter also net ofseene loossen.

"Nee, ech brauch déi net duerch d'Zensur goen ze loossen, a muss dann och dofir geruedstoen."

D'Renée Schmit ass no der Milly Hellers déi zweet Fra an der Roll vun der Oktavpriedegerin. Hir Virgängerin hätt fir hir Aufgab immens vill Feedback vu bausse kritt. Och kritteschen an hannerfroende Feedback wier wëllkomm, seet d'Renée Schmit. Si kéint och domat liewen, datt mol déi eng oder aner Iddi géif kontestéiert ginn "well et soll e bësse Feier ginn an och e bësse wibbelen".

Den Oktavpriedeger schwätzt ëmmer an den Oktavandachten all Wierteg nomëttes um 4, en hält also zéng Priedegten am Ganzen. A si géif och dovun ausgoen, vill Feedback ze kréien.