Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jean Ehret: "D'Sprooch vun der Kierch gëtt dacks net verstanen"

Relioun

Jean Ehret: "D'Sprooch vun der Kierch gëtt dacks net verstanen"

D'Kathoulesch Kierch schwätzt dacks eng Sprooch, déi vill Leit net verstinn, seet den Direkter vun der Luxembourg School of Religion and Society.

auto_stories

1 min

De Jean Ehret ass dofir der Meenung, datt d'Kierch d'Aart a Weis, wéi se mat de Leit schwätzt, onbedéngt soll änneren. Dat wier awer schwiereg, well net jiddereen an der Kierch bereet wier déi traditionell kathoulesch Sprooch a Ritualer unzepassen, esou de Jean Ehret.

"Do si vill Leit, déi si ganz frou mat engem klasseschen an traditionelle Vocabulaire, mat ganz klasseschen an traditionelle Ritualer. An déi sinn eng staark Grupp ganz oft. An déi wëllen dann och datt et do dobäi bleift."

A sengen Ae misst d'Kierch d'Mënschen "mathuelen" an en "a sengem Wee respektéieren".

"Dat ass awer eng aner Attitüd, wéi wann der sot: This is the only way."