De Paul Peckels huet betount de belsche Mammekonzern hätt net wëlles eppes un der Ausriichtung ze änneren. D'Lëtzebuerger Wort géif sech deemno och net méi als CSV-no Zeitung verstoen.
"Ech weess natierlech, datt eng ganz Réi Leit dat nach ëmmer traditionell e bëssi esou an hirem Kapp hunn."
Hie wier sech awer bewosst, datt ee sou een Image net vun haut op muer kéint ofleeën. Mee Mediahuis, d'Lëtzebuerger Wort an all déi aner Medie vu Mediahuis wieren haut politesch neutral.
P. Peckels: Entloossunge waren néideg
De Paul Peckels ënnersträicht och et géif Mediahuis Lëtzebuerg finanziell gutt goen. Et misste keng weider Sozialpläng gefaart ginn, nodeems seng Entreprise um Ufank vun der Coronakris iwwer 70 Mataarbechter entlooss hat, esou den Direkter vum Editiounshaus.
Mediahuis hätt an de leschte Joren ëmmer e Benefice gemaach, esou de Paul Peckels. Dat géif awer net heeschen, datt een och op Entloossungen hätt kënne verzichten.
"Dat ass eng Conceptioun vu verschiddene Leit, déi net verstinn, oder net wëlle verstoen, datt een awer e Benefice muss maachen an enger Entreprise. (...)Dat ass einfach déi normal Gestioun vun enger Entreprise."