Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CFL: 2028 solle méi Zich an de Süde vum Land fueren

Ëffentlechen Transport

CFL: 2028 solle méi Zich an de Süde vum Land fueren

Spéitstens a fënnef Joer sollen däitlech méi Zich an de Süde vum Land fueren. D'Verdueblung vun der Zuchstreck tëscht der Stad a Beetebuerg soll nämlech 2028 ofgeschloss ginn. Dat seet den Direkter vun den CFL. Soubal den Ausbau vun der Beetebuerger Streck ofgeschloss ass, kéint d'Kadenz vun den Zich do an d'Luucht gesat ginn, esou de Marc Wengler.

auto_stories

1 min

Mee d'Capacitéit vun den Zich géif och virdru schonn erop goen, well nei Zich an den Asaz kommen, déi méi grouss sinn.

Déi éischt Liwwerunge vu ronn 34 Zich géifen d'Capacitéit d'nächst Joer ëm 46 Prozent eropsetzen. "Do gëtt déi eelste Serie ersat, an da kommen déi nei lues a lues: 2024 kommen déi éischt, an déi ginn da bis 2025 geliwwert."

Zu dem Moment soll dann also och méi dacks Zich Richtung Diddenuewen a Richtung Diddeleng fueren.

Wéini nees Zich op Wolz fuere konnt den CFL-Direkter net soen. Am Moment wier een am Gaang ze iwwerpréiwen, ob den Tunnel, dee virun e puer Méint op der Streck agebrach war nees stabil ass. D'Zuchstreck tëscht Kautebaach Wolz soll iwwerdeems den 8. Mee nees opgoen.