AI ass scho laang keng Zukunftsmusek méi, mee an eiser Gesellschaft ukomm. Mir profitéieren all Dag vun de Méiglechkeete vun AI, an dat a bal alle Liewensberäicher, online beim Akafen, an der Medezin, an der Finanzwelt, an der Industrie, awer och am Militär oder nach an der Justiz. Dacks si mer eis mol net bewosst, mat wéi vill artifizieller Intelligenz mer ze dinn hunn.
Well Schoul op d'Liewe virbereet, ka se de Phenomeen AI net einfach ignoréieren oder just hallefhäerzeg behandelen.
Dobäi stellen sech vill Froen: Wat ass Artifiziell Intelligenz? Wat musse Schülerinnen a Schüler iwwert de Fonctionnement vun AI wëssen? Wat fir e Basiswësse brauch jiddwereen?
Invitéiert fir dëse Webinar sinn:
Daniela Hau
Responsable de Division SCRIPT, zoustänneg fir Innovatiounen an der Schoul
Fabrice Roth
Direkter vum Lycée des Arts et métiers (LAM)
Lukas Held
Philosophieprofesser am Jongelycée an der Stad a Formateur IFEN
Prof.Dr. Till Dembeck
Associate Professor op der Universitéit Lëtzebuerg, Leader vum Institut für deutsche Sprache, Literatur und für Interkulturalität
Moderatioun: Natasha Ehrmann
Jidderee ka seng Froen iwwer d'Thematik stellen, iwwer d'Emailadress fro@webinar.lu, oder d'Whatsapp Nummer 621 44 00 44