Google hätt déi Donnéeën ni oppe geluecht gehat. De Mouvement Ecologique hätt déi ganzen Zäit gesot, datt si hir Oppositioun géife bäibehalen, wann dat net oppe wier.
Betriber mussen "Nohaltegkeets-Check" bestoen
De Mouvement fuerdert dofir datt Betriber, déi op Lëtzebuerg wëlle kommen, an Zukunft mussen e "Nohaltegkeets-Check" bestoen. Si bräichten eng Gesetzgebung an där kloer steet, datt ee Betrib déi natierlech Grenze vun dësem Land misst anhalen.
"Mat der wirtschaftlecher Entwécklung, déi mir hu si mir nämlech net on track fir eis natierlech Ressourcen net all opzebrauchen, datt mir nach nokomme mam Logement, an datt mir nach nokomme mat der Mobilitéit. Wéi kann ee Wirtschaftsstandard ausgesinn, deen einfach de Grenze vu Lëtzebuerg Rechnung dréit."
De Premier Xavier Bettel hat d'lescht Woch no enger Entrevue mat der Chefetage vu Google bei RTL gesot, den Internetkonzern géif den Datenzenter zu Biissen net méi als "Prioritéit" gesinn.