Eng Fauschtreegel wier generell, datt ee just 80 Prozent vun der Zomm, déi ee bräicht, geléint kréich.
Stresstest
En anere Schwéierpunkt géifen d'Banken op d'capacité de remboursement leeën. Hei géife si sech d'Fro stellen, wéi vill een de Clienten zoumudde kéint an dann ee Stresstest maachen.
"Souguer wéi d'Tauxe bei engem oder annerhallwem Prozent waren si Stresstester bei fënnef bis sechs Prozent gemaach ginn, fir ze kucken: ka mäi Client dat dann nach packen? Dat ass wichteg fir ze gesinn, datt d'Qualitéit vun deem Kredits-Portefeuille vun de Banke relativ stabel ass."
Natierlech wier net auszeschléissen, datt an Eenzelfäll Leit Schwieregkeete mam Remboursement kéinte kréien. Mee eng generell Gefor gesäit de Jerry Grbic net.
Keng gréisser Iwwerraschung
Et wier och keng grouss Iwwerraschung gewiescht, datt déi Europäesch Zentralbank hir Leetzënsen nach eemol em en hallwe Prozentpunkt eropgesat huet, mengt nach de CEO vun der ABBL. Ee Moment hätt ee jo gemengt, d'Zënshausse kéint wéinst de Schwieregkeete vu Crédit Suisse manner héich ausfale wéi erwaart. Datt dat net geschitt, ass fir den ABBL Direkter positiv. Et wier wichteg ze weisen, datt d'EZB eng onofhängeg Struktur ass. Hiert Haaptzil wier d'Bekämpfung vun der Inflatioun, erkläert de Jerry Grbic.
"De Fait, datt eng Bank, och wann et eng systemesch Bank ass wéi de Crédit Suisse, elo Problemer huet, kann a soll eng EZB net dovun ofbréngen, hir Politik weiderzeféieren."
D'Politik vun der EZB wier et weiderhin, d'Inflatioun fréier oder spéider erëm op en Niveau vun zwee Prozent erofgedréckt ze kréien, seet nach de Jerry Grbic.