Radioen

On air

Tockcity  |  Stephen Bailey - Open Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ABBL: Kee Grond, sech Suergen ze maachen

No EZB-Zënshausse

ABBL: Kee Grond, sech Suergen ze maachen

Den Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL Jerry Grbic mécht sech weider keng Suergen, datt vill Leit wéinst där neier Zënshausse Problemer kéinte kréien, fir hir Immobiliekreditter zeréckzebezuelen. Hie begrënnt dat mat där traditionell konservativer Approche vun de Lëtzebuerger Banken, wann et drëm geet, Prêten z'accordéieren.

auto_stories

2 min

Den Jerry Grbic ass den Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL. (Foto: Chris Zeien)

Eng Fauschtreegel wier generell, datt ee just 80 Prozent vun der Zomm, déi ee bräicht, geléint kréich.

Stresstest

En anere Schwéierpunkt géifen d'Banken op d'capacité de remboursement leeën. Hei géife si sech d'Fro stellen, wéi vill een de Clienten zoumudde kéint an dann ee Stresstest maachen.

"Souguer wéi d'Tauxe bei engem oder annerhallwem Prozent waren si Stresstester bei fënnef bis sechs Prozent gemaach ginn, fir ze kucken: ka mäi Client dat dann nach packen? Dat ass wichteg fir ze gesinn, datt d'Qualitéit vun deem Kredits-Portefeuille vun de Banke relativ stabel ass."

Natierlech wier net auszeschléissen, datt an Eenzelfäll Leit Schwieregkeete mam Remboursement kéinte kréien. Mee eng generell Gefor gesäit de Jerry Grbic net.

Keng gréisser Iwwerraschung

Et wier och keng grouss Iwwerraschung gewiescht, datt déi Europäesch Zentralbank hir Leetzënsen nach eemol em en hallwe Prozentpunkt eropgesat huet, mengt nach de CEO vun der ABBL. Ee Moment hätt ee jo gemengt, d'Zënshausse kéint wéinst de Schwieregkeete vu Crédit Suisse manner héich ausfale wéi erwaart. Datt dat net geschitt, ass fir den ABBL Direkter positiv. Et wier wichteg ze weisen, datt d'EZB eng onofhängeg Struktur ass. Hiert Haaptzil wier d'Bekämpfung vun der Inflatioun, erkläert de Jerry Grbic.

"De Fait, datt eng Bank, och wann et eng systemesch Bank ass wéi de Crédit Suisse, elo Problemer huet, kann a soll eng EZB net dovun ofbréngen, hir Politik weiderzeféieren."

D'Politik vun der EZB wier et weiderhin, d'Inflatioun fréier oder spéider erëm op en Niveau vun zwee Prozent erofgedréckt ze kréien, seet nach de Jerry Grbic.