Industrie D'Zukunft vun der Industrie

D'Zukunft vun der Industrie a seng weider Entwécklung musse vun der Politik weider ënnerstëtzt ginn. An deem Kontext huet d'Industriellefederatioun eng Rei Messagen en vue vun de Chamberwale formuléiert.

Carole Schimmer / cz

Illustratioun Industrie
Foto: Bigstock / eakkachai

Energiekäschten, Dekarboniséierung, Erneierung vun de Betriber, Aarbechtszäit, Talenter unzéien, sinn e puer vun de Beräicher déi d'Fedil thematiséiert.

D'Industriellefederatioun mécht sech Suergen iwwert ee Réckgang vun den auslänneschen Investitiounen am europäeschen Industriesecteur, mee och zu Lëtzebuerg.

Dat géif bedeiten, datt et an der Industrie kee Renouvellement gëtt, deen awer néideg ass. Gefaart gëtt datt d'Investisseuren an aner Regiounen op der Welt no Opportunitéite sichen.

Verbesserungspotential beim Ausbau vun den Netzer a bei den Aiden

Am Beräich vun der Energie bitt Lëtzebuerg bitt de Betriber och mëttlerweil keng Avantagë méi. Am Géigendeel, d'Industrie gëtt konfrontéiert mat enger extremer Erhéijung vun de Stroumnetzkäschten. D'Belsch an déi franséisch Industrië si par conter net domat konfrontéiert an déi däitsch Industrie géif der däitscher Industrie aushëllefen, erkläert de René Winkin, Generaldirekter vun der Fedil.

D'Dekarboniséierung ass eng weider Suerg vun der Fedil, fir d'Objektiver bei den CO2-Ausstéiss ze erreechen, bräicht ee staark Stroumleitungen, mee och erneierbar Energien a Waasserstoff, wat fir den Ament awer nach net klappt.

A punkto Standuert an Industriezone géifen d'Prozeduren einfach ze laang daueren, seet de René Winkin.

FEDIL strikt géint eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit

Eng weider Suerg ass d'Aarbechtsorganisatioun an de reglementaresche Kader, deen ze vill rigide wier. Eng flexibel Aarbechtszäitverdeelung, déi souwuel de Besoine vum Betrib a vum Salarié besser ugepasst ass, wier net méiglech. Net averstanen ass d'Fedil mat der Propos d'Aarbechtszäit ze verkierzen, seet de Marc Kieffer Generalsekretär vun der FEDIL.

"D'Propositioun vun deenen Acteuren ass eng komplett irresponsabel Propositioun."

Eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit wier och just eent vun den Elementer fir nei Salariéen unzezéien, sou de Marc Kieffer.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Dupont Teijin Films
Chimie-Industrie

Bei Dupont Teijin Films zu Conter sollen 160 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn. Doriwwer huet d'Direktioun vun der Chimie-Entreprise d'Personaldelegatioun an d'Gewerkschaften LCGB an OGBL informéiert.

Illustratioun Industrie
GREEN DEAL

Suen aus de Corona-Hëllefspläng sollen an den Ausbau vum Secteur vun den ëmweltfrëndlechen Energië fléissen, sou d'EU-Kommissioun. Den Opbau vun engem extraen EU-Fong fir d'Industrie ze ënnerstëtze bräicht Zäit, sou d'Kommissiounscheffin.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen