Et misst ee sech déi zentral Fro stellen, vu wéini un ee Kand oder Jugendlechen e vollëmfänglecht Bewosstsinn huet, sou datt et seng Rechter am Kader vun engem Prozess och kéint geltend maachen.
"De Strofmündegkeetsalter mécht nëmmen da Sënn, wann de jonke Mënsch effektiv och dee System ka verstoen. An dat ass bei engem niddregen Alter méi schwiereg."
De Charel Schmit wéilt am léifsten, datt déi penal Responsabilitéit bei 16 Joer ugesat géif ginn.
Okaju: Reforme waren iwwerfälleg
Déi nei Jugendschutz-Bestëmmungen am Jugendschutz an déi penal Prozedur fir Mannerjäreger wieren iwwerdeems iwwerfälleg Reformen, déi scho laang hätte missen ëmgesat ginn, sou de Charel Schmit.
Hien appelléiert un de Staatsrot, den Avisen dozou eng absolut Prioritéit ze ginn, fir datt d'Chamber déi respektiv Gesetzprojeten nach virun de Walen am Hierscht stëmme kann.
"Et geet drëm, datt mer ophale mat där Praxis, datt Poliziste Kanner mussen a Kannerheemer bréngen. Dat ass d'Aufgab vun der Sozialaarbecht."
Am Sënn vun de Kanner an de Jugendleche misst ee méi fréi mat Kannerschutzkonzepter intervenéieren. Et misst méi fräiwëlleg Hëllef ugebuede ginn an et wier immens wichteg, datt am Secteur e Konsens ronderëm eng kannergerecht Approche entsteet, seet de Charel Schmit. D'Kannerrechtskonventioun sollt dobäi als gemeinsamen Nenner fir déi Professionell am Secteur déngen.