Radioen

On air

Notturno  |  John Francis Flynn - Mole In The Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Opschwong a Stëmmen ëmwandelen"

Chamberwalen

"Den Opschwong a Stëmmen ëmwandelen"

D'Zil vun der Piratepartei bei Chamberwalen am Oktober ass et opmannst Fraktiounsstäerkt ze erreechen - also fënnef Sëtz. Den neie Beroder vun der Partei, Tommy Klein, wëllt och selwer an d'Chamber kommen. A sengen zéng Joer bei der Ilres hätt hie vill mat politesche Parteie geschafft, an der Lescht awer net méi, verséchert hien. Hie verstoppt awer net, datt hien eng "gewëss Expertis" mat bei d'Pirate bréngt.

auto_stories

3 min

De leschte Politmonitor vun der Ilres un deem hie selwer matgeschafft huet, hat de Pirate sechs Sëtz virausgesot. Sondagë géifen Tendenzen erëmspigelen "déi et net ze ignoréiere gëllt". Mee och wann d'Sonndesfro de Piraten e gewëssen Opschwong géif attestéieren, wier se trotzdeem nëmmen eng Momentopnam.

"An natierlech déi Sonndesfroen déi bis elo gemaach gi sinn, sinn onofhängeg vu Partei- a Kandidatelëschte gemaach ginn, wat natierlech ëmmer een Effekt wäert hunn. Den Defi fir d'Piraten ass et den Opschwong héichzehalen an och tatsächlech a Stëmmen ëmzewandelen."

Keen Interessekonflikt

"Politesch Parteie stelle sech déi selwecht Froe wéi al private Betrib och", seet den Tommy Klein. Dorënner fält d'Fro, wéi ee seng Zilgrupp am beschten erreecht oder wéi eng bestëmmt Campagne dobausse wierkt. A sengen zéng Joer bei der Ilres war den Tommy Klein mat politesche Clienten an deemno och entspriechenden Opträg befaasst. De Soziolog, Joergank 1985, war zanter 2021 och Direkter vum Meenungs- a Maartfuerschungsinstitut. Trotzdeem gesäit hien a sengem kuerzfristege Wiessel an d'Politik keen Interessenskonflikt.

Op d'Fro wéi vill Virwëssen hie vun der Ilres mat bei d'Piraten hëlt, seet den Tommy Klein, hien hätt bei der Ilres natierlech eng Expertis entwéckelt an déi géif hien och a sengem neien Job géif notzen. A senge leschte Méint hätt hien ënnert sengen direkte Clienten awer keng Partei méi gehat. Ausserdeem hätt hie bei sengem ale Patron eng Confidentialitéitsklausel ënnerschriwwen, déi festhält, datt keng Donnéeën dierften erausgoen.

Säi Wësse wier "éischter een allgemengt Verständnis doriwwer wéi d'Gesellschaft an d'Wielerschaft fonctionéiert, wéi datt et konkret Donnéeë wieren, déi ee sech verhält an dann och notzt".

Ee Chambersëtz ass d'Zil

Anescht wéi bis elo ugedeit schléisst den Tommy Klein net aus, och fir d'Pirate bei de Gemengewalen am Juni ze kandidéieren. Dem Tommy Klein seng perséinlech Ambitioun ass et awer och no de Walen ee vun de Sëtz an der Chamber ze besetzen.

"Matschwätzen heescht virun allem mol an d'Chamber kommen, well soss bleift een an der Fraktioun zum Beispill an dat aktiivt Matschwätzen ass an deem Sënn net ginn."