Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fréiere Kiewer gesäit "keng Alternativ zu Waffeliwwerungen"

Ee Joer Krich

Fréiere Kiewer gesäit "keng Alternativ zu Waffeliwwerungen"

Wann een d'Waffeliwwerungen un d'Ukrain stoppt, da géif dat bedeiten, datt d'Ukrain net méi als onofhängege Staat existéiert, seet den Daniel Porcedda. De Lëtzebuerger huet bis virun engem Joer zu Kiew gelieft. Hie kéint d'Argumentatioun net novollzéien, datt Fridden an der Ukrain just méiglech wier, wann de Westen ophält Waffen ze liwweren.

auto_stories

1 min

"Et héiert ee jo dauernd: Frieden schaffen ohne Waffen - an esou weider. Mee hannert deene Spréch ass awer eng gewësse Naivitéit. A leider och eng ganz grouss Onkenntnes. Wat wieren dann d'Konsequenzen, wa keng Waffe geliwwert ginn? D'Ukrain kéint sech net méi verdeedegen. Russland géif d'Ukrain a relativ kuerzer Zäit komplett anhuelen. Wat fir ee Grond hätt de Putin fir a Friddensverhandlungen anzeklammen? Dat ergëtt guer kee Sënn."

Et dierft een sech keng Illusiounen driwwer maachen, wat Russland an der Ukrain wëllt areechen. Eréischt virun e puer Deeg wier op der russescher Staatstelevisioun gesot ginn, datt d'Ukrain als Staat komplett misst liquidéiert ginn. "Dat wier dat eenzegt, wat der Ukrain kéint Fridde bréngen. Wat well een dann do maachen, wann ee keng Waffe méi liwwert? Da weess ee jo wat d'Resultat ass", sou den Daniel Porcedda.