Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ass wierklech enorm"

Chambre de Commerce

"Dat ass wierklech enorm"

Esou d'Reaktioun vum Fernand Ernster, neie President vun der Chambre de Commerce, op de Gehalts-Niveau, vun deem un seng Organisatioun eng Deckelung vum Index freet. An de Propositiounen, déi vun der Handelskummer d'lescht Woch am Hibléck op d'Wale virgestallt gi sinn, geet rieds vu just nach enger Indextranche pro Joer. Déi soll bis en Niveau vu véier mol de Montant vum Median-Akommes voll - an doriwwer eraus degressiv - ausbezuelt ginn.

auto_stories

2 min

De Fernand Ernster ass neie President vun der Chambre de Commerce. (Foto: Lisa Lahos)

Véier mol de Median-Akommes entsprieche ronn 14.600 Euro. De Fernand Ernster huet zouginn, datt dat "wierklech enorm" wier. Hie wier net dobäi gewiescht, wéi déi Limite fixéiert ginn ass, a wéilt dat nach eemol an der UEL diskutéieren.

"Ech hu mech net kënnen domat ausenaner setzen an der kuerzer Zäit, muss ech éierlech soen. Ech war och bei der Pressekonferenz net dobäi. An de groussen Zich hu mir am Büro an an der Plenière vun der Chambre de Commerce déi 30 Punkten do validéiert. Mee ech muss wierklech soen: Ech hat dat do net um Schierm."

Den neie President vun der Handelskummer weist sech also iwwerrascht. Virun allem, well an der Gréisstenuerdnung déi wéinegst vun de Betriber iwwerhaapt géingen eng Pai bezuelen, seet de Fernand Ernster.

Mandat bis 2024

Wéi d'CSV den 1. Februar decidéiert huet, de Luc Frieden zu hirem Spëtzekandidat fir d'Walen ze maache war kloer, datt d'Chambre de Commerce en neie President bräicht. Déi Positioun ass nämlech net kompatibel mat engem politeschen Engagement.

De Luc Frieden huet also gläich den 2. Februar seng Demissioun presentéiert, an d'Handelskummer huet sech nach dee selwechten Dag en neie President ginn: de Fernand Ernster. Dee mécht elo mol d'Mandat fäerdeg bis 2024, a wëll an der Zäit kucken, ob dat eppes fir hien ass.

D'Presidentschaft vun der Handelskummer war laang Zäit an den Hänn vun der ARBED. De Luc Frieden war den éischte Vertrieder vum Finanzsecteur an der Roll, de Fernand Ernster elo den éischte Geschäftsmann.