Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - One Day (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ULC fuerdert Mesurë géint d'Fermeture vu Bankfilialen

Konsumenteschutz

D'ULC fuerdert Mesurë géint d'Fermeture vu Bankfilialen

Am Virfeld vun de Wale fuerdert de Konsumenteschutz contraignant Mesuren, déi d'Banken drun hënnere solle systematesch Agencen zouzemaachen a Bankomaten ofzebauen. Datt dat ëmmer méi geschitt, wier e richtege Gesellschafts-Probleem, seet déi nei Directrice vun der ULC Aline Rosenbaum.

auto_stories

2 min

Fir d'Aline Rosenbaum kann et net sinn, datt Leit, déi keen Zougang zu digitale Servicer hunn oder net domat eens ginn, diskriminéiert ginn, wann et ëm essentiel Servicer wéi Bankoperatioune geet. D'Hallschecht vun de Reklamatiounen, déi un de Konsumenteschutz eru gedroe ginn, hunn eppes mat Logement ze dinn. Dat geet vu Problemer beim Bau a bei der Renovatioun bis bei Litigë mam Proprietär bei der Locatioun.

Anescht wéi ee kéint mengen, sinn et also net Onreegelméissegkeete bei Online-Akeef, déi d'ULC am meeschte beschäftegen. Den europäeschen Zenter fir Konsumenteschutz géif sech ëm déi këmmeren.

"Et il faut bien le dire : les sociétés qui posent le plus de problèmes dans le commerce électronique, ce sont des sociétés qui sont établies à l'étranger."

Gefore beim Kaf vun engem Auto

Schwieregkeete ginn et och dacks beim Kaf vun engem neien Auto. Dofir hat d'ULC virum Auto-Festival an engem laange Communiqué op eng ganz Rei Geforen higewisen, déi een evitéiere soll. Gëtt an deem Secteur esou vill gefuddelt? Ginn et esouvill Falen?

D'Aline Rosenbaum behaapt, datt et ëmmer nees déi selwecht Probleemer no engem Autosfestival ginn. Déi eng Leit änneren hir Meenung oder zéien hir Bestellung nees zeréck, éiert se hire bon de Commande ënnerschriwwen hunn. Déi aner sinn iwwerzeegt de bon de Commande schonn ënnerschriwwen ze hunn, mee si hunn einfach just eng Simulatioun gemaach fir ee Kredit ze kréien.