Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Autoen?

Chronik

Manner Autoen?

Et gi manner nei Autoen a méi Elektro-Autoen zu Lëtzebuerg an an der EU verkaf. Dat weise rezent Zuelen. Den Individual-Verkéier gëtt also méi propper. Mee de Probleem vum Auto senger Dominanz bleift nach méi laang, mengt de Pierre Reyland an engem Kommentar.

auto_stories

2 min

Ronn 42.000 Autoe goufen zejoert zu Lëtzebuerg nei ugemellt - ëmmer nach vill, mee ronn fënnef Prozent manner, wéi d'Joer virdrun, wou et och schonn e Réckgang gouf. Idem op EU Niveau. Do sinn d'Auto-Nei-Zouloossungen zejoert - mat 9,26 Milliounen - op dee niddregste Stand zanter bal 30 Joer gefall.

Manner Verbrenner, méi Elektro

Och um Autofestival zu Lëtzebuerg, deen nach bis muer dauert, rullt et méi lues. D'Leit kafen einfach manner nei Autoen, ass bis elo de Constat. Wat awer net heescht onbedengt, datt méi Leit bereet sinn, op den Auto ze verzichten. Well den aktuelle Réckgang bei de Venten, soen d'Verkeefer, hätt ganz aner Grënn: Déi laang Liwwerzäiten, d'Penurie vu Semi-Conducteuren, déi héich Präisser an héich Zënsen; an d'Onsécherheet bei de Clienten, net, ob se solle kafen, mee wat se solle kafen, wéi e Modell? Elektresch, Hybrid, oder awer nach e Verbrenner? An dofir waarde vill Leit a kafe keen neien. Fir elo mol. Well iergendwann wäert et nees unzéien. Stéchwuert: Elektro-Autoen. Do war den Trend béi den neie Venten zejoert ëmgekéiert - plus fënnef Prozent zu Lëtzebuerg, a plus 28 Prozent an der EU. Ëmmer méi Leit bäissen un der Elektro-Offer un: Staatlech Primmen; méi Luetstatiounen; besser Batterien; méi Autonomie; méi Choix bei de Modeller.

Zil sollt et sinn, den Individual-Verkéier ze bremsen

Nach geet dat alles zimmlech lues. Den Undeel vun Elektro-Autoen am gesamte Fuerpark bleift kleng: Zwielef Prozent waren et zejoert an der EU; an nëmme ronn dräi Prozent zu Lëtzebuerg. Mee d'Zukunft, wou ëmmer méi elektresch Autoen duerch d'Géigend sausen ouni Zäregaser an d'Loft ze blosen, huet op d'mannst ugefaangen. Och wa se wuel ze spéit wäert kommen, fir d'Klimaerwiermung genuch ze bremsen.

Bremse muss een dann iergendwann och d'Elektro-Autoen, well et soss weider geet mat der Dominanz vum Auto zu Lëtzebuerg. Bei der Besteierung zum Beispill fuerdert de Mouvement Ecologique elo schonn e Malus-System, fir déi déck, grouss Elektro-Autoe méi ze besteieren, well se méi Batterie verbrauchen, an och soss Schied verursaachen, fir déi d'Auto-Besëtzer missten opkommen. Bei alle Virdeeler fir d'Ëmwelt dierfen d'Elektro-Autoen net ze vill attraktiv ginn. Well schliisslech geet et drëms, den Individual-Verkéier mam Auto ze reduzéieren. Esou wéi et am nationale Leitprogramm fir d'Raumentwécklung an am nationale Mobilitéitsplang fir 2035 steet. Manner Plaz fir d'Autoen, méi Plaz fir d'Leit.