Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Delphine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Projet "Schlasskéier" soll medezinesch Betreiung am Norde garantéieren

Dokter Paul Wirtgen

Projet "Schlasskéier" soll medezinesch Betreiung am Norde garantéieren

An der neier Klinik "Schlasskéier", déi bis 2026 zu Wolz gebaut gi soll, wäerte just nach ambulant Operatioune gemaach ginn. Dat géif an enger komplementarer Approche mam Nordspidol zu Ettelbréck Sënn maachen, sot de Generaldirekter vum CHdN, den Dokter Paul Wirtgen de Moien hei op der Antenn.

auto_stories

3 min

Viru 5 Joer ass den Dokter Paul Wirtgen an d'Direktioun vum Centre Hospitalier du Nord gewiesselt (Foto: Chris Zeien)

Déi puer Better, déi haut nach an der Wëlzer Clinique Saint Joseph fir stationär Openthalter no Operatioune blockéiert sinn, kéinte méi nëtzlech an der Reeducatioun vun eelere Leit agesat ginn.

Déi Clinique Saint-Joseph soll an e puer Joer deemno eng reng Geriatrie ginn, wärend an déi nei Infrastruktur nieft den OP-Säll fir ambulant Interventiounen nach eng Poliklinik an e komplette Service d'imagerie médicale mat Röntgen, Scanner, Ultraschall an IRM hikomme sollen. De Projet war gëschter virgestallt ginn.

Projet ass komplementar zum Ettelbrécker Spidol

D'Populatioun vu Wolz wäert an den nächste Joren explodéieren: Vun haut knapp 8.000 op 11.000 Awunner. Dat zu engem groussen Deel wéinst dem Projet "Wunne mat der Wooltz" vum Fonds de Logement, bei deem 1.000 Wunnengen entstinn.

Zudeem sinn 12 Joer vergaangen zanter der Fusioun vu vum Wëlzer an dem Ettelbrécker Spidol. Trotzdeem géif d'Strategie, eng nei ambulant Spidolsstruktur ze bauen, déi komplementar zum Ettelbrécker Nordspidol ass, Sënn maachen, sot de Generaldirekter vum Centre Hospitalier du Nord Paul Wirtgen de Moien am 100,7 Interview:

"D'Fro awer: Bräicht een net an enger Klinik vläicht spéider eng Kéier méi akut Servicer ? Dat gesi mer dann an 20 Joer, wann ech et ganz graff ka soen. Well do wou mir haut stinn ass awer och eng extrem wichteg Missioun, datt een d'Servicer spezialiséiert. An et kann een net ëmmer alles geographesch ausernee rappen a soen, mir hunn awer deselwechten Degré vu Spezialisatioun. Et gesäit een an all Centre hospitalier am Land ass ee Site, deen déi Roll muss iwwerhuelen, well soss kréie mir et net hin - weder an de medezineschen Ofleef, nach an der Dotatioun vun eisen Dokteren."

CHdN: Keng weider Projeten geplangt

Nieft dem Bau vun enger neier Infrastruktur mat Imagerie médicale, Poliklinik an OP-Säll fir ambulant Interventiounen zu Wolz, an der Vergréisserung vun den Urgencen zu Ettelbréck, déi elo an de Bau geet, hätt de Cente Hospitalier du Nord keng weider Infrastrukturprojeten, eventuell nach op anere Plazen. Dat sot de Generaldirekter vum CHdN, sou den Dokter Paul Wirtgen:

"Mir denken am Moment net un en anere Site. Well ech mengen, wann een d'Geographie kuckt - Ettelbréck a Wolz, déi si gutt situéiert fir ze hëllefen, datt dem Norden seng medezinesch Prise-en-charge garantéiert ass."

Viru fënnef Joer ass den Dokter Paul Wirtgen an d'Direktioun vum Centre Hospitalier du Nord gewiesselt, fir d'éischt als medezineschen Direkter, zënter engem Joer ass hie Generaldirekter vum CHdN. D'Iddi vun enger neier Spidolsstruktur zu Wolz ass zu engem gudden Deel op senger Mëscht gewuess. De Projet Schlasskéier, dee gëscht virgestallt ginn ass, soll bis 2026 Realitéit ginn.