Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Parwana war bëlleg ...

Fräie Mikro

D'Parwana war bëlleg ...

D'Parwana war bëlleg, sot dee Mann, deen dat klengt afghanescht Meedche vun néng Joer fir 2.200 Dollar kaf huet. Firwat Elteren an Afghanistan esou verzweiwelt sinn, datt si hir Kanner musse verkafen, beliicht d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO Kommissioun a fréier Geschichtsenseignante.

auto_stories

3 min

Stellt Iech fir: Dir sidd eng Afghanin vu Mëtt 40, Mamm vun zwou Diechter. Dir hutt virun zéng Joer zu Herat eng Firma opgebaut, déi gutt funktionéiert an an där 20 Fraen a Männer schaffen. Är eelsten Duechter wëllt Medezin studéieren, an déi jéngst fänkt grad de Lycée un. So wäit so gutt.. bis den August 2021. Dunn hunn no zwanzeg Joer déi westlech Natioune sech aus dem Afghanistan zréckgezunn an den Taliban d'Feld iwwerlooss.

Haut: Déif Däischtert

Haut ass Är Firma zou, well d'Fraen net méi däerfe schaffe goen. Dir an all Är Ugestallten hutt hiert Akommes verluer, Dir - an all déi aner afghanesch Fraen - dierfen nëmme verschleiert hier Wunneng verloossen, natierlech nëmmen a Begleedung vun engem männleche Verwandten. Wann Dir där keng hutt, kommt Dir net méi virun d'Dier. Är jéngsten Duechter brauch sech net de Kapp iwwert e Lycée ze zerbriechen, si huet déi sechs Schouljoren, déi hir zougestane sinn, schonn hannert sech. Och Är eelsten Duechter brauch net iwwert eng Uni nozedenken: si däerf net studéieren. An där viller Fräizäit, déi Dir hutt, dierft Dir och net méi an e Park oder an e Fitness-Studio goen. Verzicht och besser op Neellack, well jee nodeem u wien Der gerot, kritt der d'Fangerspëtzen ofgeschnidden. Ditt och keng Schong mat Talleken un - dat kéint Männer duerchernee bréngen, wann se Iech héiere kommen. Dir kënnt och kee Geld méi ophiewen: zënter d'USA d'Reserve vun der afghanescher Zentralbank agefruer hunn, bleiwen d'Geldautomaten an d'Konten eidel.

Är Frëndin, déi bei enger ONG schafft, huet och hier Plaz verluer. D'Taliban hunn de Frae verbueden, fir auslännesch Organisatiounen ze schaffen, well se do mat Männer a Kontakt kéimen. Dowéinst musse vill ONGen hier Aarbecht astellen a Liewensmëttel a Medikamenter, déi esou dréngend gebraucht ginn, kommen net méi un. Vun Ärer Frëndin, déi Juristin ass, braucht Der och keng Hëllef ze erwaarden: si däerf keen Droit méi praktizéieren. Dir däerft also just nach doheem sëtzen - a wann Är Wunneng um rez-de-chaussée läit, musst Dir d'Fënsteren esou verhänken, dass keen Iech vu bausse gesäit. Onsäglech Liewensëmstänn, déi e bornéierte Regimm enger ganzer Gesellschaft opzwéngt.

E fierchterleche Bilan

Wann een awer weess, datt an Afghanistan vill Familljen nëmmen iwwerliewen, wann d'Frae mat verdéngen, kann ee sech den Ausmooss vum Desaster virstellen. Hongersnout a batter Aarmut bréngen d'Leit dozou, hier kleng Meedercher - wéi d'Parwana - ze verkafen. Dräi Millioune Kanner sinn ënnererniert, sechs Milliounen Afghanen Verdriwwener an hirem eegene Land. De leschten Zuelen vun der UNO no liewe 97 Prozent vun den Afghanen ënnert der Aarmutsgrenz. E fierchterleche Bilan, mënschlech, wirtschaftlech a moralesch. Et ass ze fäerten, datt déi afghanesch Lyrikerin Hosnia Mohseni nach muss Gedold hunn, wa se schreift: "Schwester, der Tag wird kommen, da werden wir fliegen - du und ich, über die stolzen Berge unseres Landes."


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.