Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Xaver Scharwenka - Polish National Dances Nr.1, Op. 3 - François Xavier Poizat (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV-Presidentin schléisst Luc Frieden als Spëtzekandidat net aus

Chamberwalen

CSV-Presidentin schléisst Luc Frieden als Spëtzekandidat net aus

D'CSV wëllt bis spéitstens Enn Mäerz decidéieren, wien d'Partei an d'Wale féiert. D'Decisioun, ob et een nationale Spëtzekandidat gëtt oder e puer regional Spëtzekandidaten, wier nach net gefall. Op Nofro hin huet d'Parteipresidentin Elisabeth Margue net ausgeschloss, datt de fréie Finanzminister Luc Frieden CSV-Spëtzekandidat kéint ginn.

auto_stories

1 min

D'CSV-Parteipresidentin Elisabeth Margue.

D'CSV-Parteipresidentin Elisabeth Margue sot de Moien op der Antenn, datt de Moment e puer Optioune fir d'Spëtzekandidatur an den zoustännege Parteigremien diskutéiert ginn. Dëst wier also déi éischt Etapp, déi géif ustoen:

"Mir hunn do eng ganz kloer Prozedur an eise Statute virgesinn, déi fir d'éischt emol virgesäit, datt den Nationalcomité decidéiert, wéi mir eis opstellen. Dat heescht: Ee Spëtzekandidat um nationalen Niveau, e puer Bezierks-Spëtzekandidaten, oder zwee oder dräi."

No dësem éischte Schrëtt sollen da Sondéierungsgespréicher mat méigleche Kandidate gefouert ginn. D'Elisabeth Margue wollt sech de Moien net dozou äusseren, wien dofir a Fro kéim.

Op Nofro hin huet d'Parteipresidentin awer net ausgeschloss, datt de fréien Finanzminister Luc Frieden d'Spëtzekandidatur bei der CSV kéint iwwerhuelen:

"Nee, ech schléissen näischt aus. Mir sinn an enger Situatioun, wou mir an enger Kris sinn: Als Land, an och als Partei, kënne mir an där hei Situatioun ganz oppe mat der do Fro ëmgoen. An déi néideg Froe stellen, déi mir mussen."