Radioen

On air

Kultur um 5  |  Rome - Born In The E.U.

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Drogerapport fuerdert eng Risiko-Kommunikatioun a Warn-Strategie fir d'Drogekonsumenten

EU-Drogerapport

EU-Drogerapport fuerdert eng Risiko-Kommunikatioun a Warn-Strategie fir d'Drogekonsumenten

An Europa geet d'Diversifikatioun, d'Disponibilitéit an d'Produktioun vun Droge weider erop. Dat geet aus dem neien Europäeschen Drogerapport vum EU-Observatoire fir Drogen an Drogesucht ervir. De Rapport baséiert op Donnéeën aus 29 Länner - dorënner och Lëtzebuerg - a werft e Bléck op d'Situatioun an Tendenzen wat den Drogekonsum an Europa ugeet. Déi ëmmer méi grouss an diversifiéiert Offer un Drogen géing d'Drogepolitik an de Gesondheetssystem virun nei Erausfuerderungen stellen, warnen d'Auteure vum europäeschen Droge-Rapport.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Eleng d'lescht Joer goufen dem Fréiwarnsystem vun der EU 41 nei Substanze gemellt. Den europäeschen Observatoire fir Drogen an Drogesucht warnt a sengem neie Rapport virun de gesondheetleche Schied am Zesummenhang mat neie Substanzen a fuerdert eng Risiko-Kommunikatioun a Warn-Strategie fir d'Drogekonsumenten.

Nieft neie Substanzen, wieren och traditionell Substanzen ewéi Kokain an Heroin weiderhi ganz present um europäeschen Droge-Marché. Suerge mécht dem europäeschen Observatoire fir Drogen an Drogesucht awer och de Konsum vu syntheeteschen Opioiden, ewéi Fentanyl. Vun all den illegalen Drogen, ass et awer nach ëmmer de Cannabis deen am meeschte verbreet ass an Europa. Wéi et am Rapport heescht hätten d'lescht Joer ongeféier aacht Prozent - also Ronn 22 Milliounen Erwuessener an Europa Cannabis consomméiert. An der selwechter Zäit sinn der EU awer och déi éischt hallef-syntheetesch Cannabinoide gemellt gi mam Hexahydrocannabinol. Den HHC gëtt a verschidden EU-Länner als "legal" Alternativ zu Cannabis verkaf, gëtt aktuell awer am Kader vum EU-Fréiwarnsystem intensiv iwwerwaacht fir déi potentiell Risike besser kënnen anzeschätzen.

Hei am Land läit de Konsum vun illegale Substanzen iwwerdeems ënnert dem europäeschen Duerchschnëtt. Lëtzebuerg gehéiert dann och zu deene fënnef Länner an Europa déi d'lescht Joer d'Zil vun der Weltgesondheetsorganisatioun erreecht hu fir 200 Sprëtze pro Joer a pro Persoun ze verdeelen an esou den Impakt vun infektiéise Krankheete beim intravenéisen Drogekonsum ze reduzéieren.