Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - A Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng besser Gestioun vum Filmfong

13 recommendatioune goufen ugeholl

Eng besser Gestioun vum Filmfong

Am ganzen 13 Recommandatiounen huet d'Budgetskontrollkommissioun ugeholl, fir d'Gestioun vum Lëtzebuerger Filmfong ze verbesseren. No engem Rapport vum Rechnungshaff gouf et eng Rei Diskussiounen iwwer d'Positioun vum Direkter an iwwer administrativ Onreegelméissegkeete beim Filmfong. Ënnert anerem soll de finanzielle Pouvoir vum Direkter elo ageschränkt ginn.

auto_stories

2 min

Den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong, Guy Daleiden. (Foto: Archiv)

Iwwerdeems sollen och d'Ausgaben am Zesummenhang mat Reese besser dokumentéiert a kontrolléiert ginn, an d'Subsiden, déi de Filmfong verdeelt, solle méi konkret definéiert ginn. Dës Recommandatioune wieren dem Vizepresident vun der Budgetskontrollkommissioun Dan Kersch no noutwenneg.

"Et kann een net nëmmen eng oder zwou Recommandatiounen hei realiséieren, well dann huet een net vill geschafft. Et muss een de ganze Fonctionnement op de Leescht huelen. An alle Beräicher muss nogebessert ginn. Wann dat net geschitt, dann ass et en onkomplett Gesetz."

Administrativ Prozedure si schonn ugepasst

Den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden weist sech averstanen domat, datt dës Verbesserungsvirschléi de richtege Wee sinn. Dofir wier de gréissten Deel vun de Recommandatiounen och schonn ëmgesat ginn.

Sou hätt een ënnert anerem schonn all administrativ Prozeduren ugepasst. Fir de Filmfong wier dat ni eng Diskussioun gewiescht, präziséiert de Guy Daleiden.

"Ech mengen, de Budget vum Fong gëtt jo all Joers vun externe Kontrolleure gekuckt, an do ginn och all Joers Recommandatioune gemaach, wat ee ka besser maachen. Mir hu gesot mir géifen déi ëmmer alleguer ëmsetzen, dat hu mir gemaach. Dofir erschéngt dat mir nëmmen normal, datt wann ee proposéiert kritt, fir besser ze ginn, datt een dat soll maachen an dat hu mir jo lo och heimat bewisen."

Upassung bei der Personalstruktur feelt nach

Een Aspekt, deen awer nach net konnt ugepasst ginn, wier d'Personalstruktur. Déi éischt Recommandatioun vun der Budgetskontrollkommissioun fuerdert, datt de Filmfong sech un d'Organisatiounsgesetzer vun aneren ëffentlechen Etablissementer upasst.

Ouni eng Modifikatioun vum Gesetz vun 2014 kéint een dëse Punkt awer net ëmsetzen, seet de Guy Daleiden. D'Budgetskontrollkommissioun hofft dofir, datt hir Recommandatiounen an eng Gesetzesännerung mat afléissen, sou nach den Dan Kersch.