Radioen

On air

Tockcity  |  Bob Vylan - Makes Me Violent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fermeture vum Schluechthaus: Wat ass den Impakt op d'Fleeschindustrie?

Cobolux-schluechthaus

Fermeture vum Schluechthaus: Wat ass den Impakt op d'Fleeschindustrie?

Esoulaang et zu Lëtzebuerg nach ee Schluechthaus géing ginn, wier de Label "Produit du terroir" net a Gefor. Fir de Label ze kréien, muss engem Bauerebetrib säi Véi zu Lëtzebuerg gebuer, opgewuess a bei engem agreéierte Schluechthaus geschluecht gi sinn. Wann d'Schluechthaus zu Wecker um Enn vum Joer zou geet, kann hei am Land just nach op enger Plaz geschluecht ginn, nämlech zu Ettelbréck. Wéi een Impakt huet dat op d'Lëtzebuerger Fleeschindustrie?

auto_stories

2 min

Och d'Metzler si vun der Fermeture vum Cobolux-Schluechthaus betraff. (Foto: Unsplash)

Lauschterenplay_arrow


Den Eric Pesch, Schwéngsbauer vu Krautem a President vu Cochy, der Associatioun fir d'Promotioun vum Schwéngefleesch, huet seng Schwäin zu Wecker schluechte gelooss. Ob dat an Zukunft zu Ettelbréck geschéie soll, ass nach ongewëss.

"Ettelbréck wäert elo eng Monopol-Stellung hei am Land um Marché hunn. D'Fro ass wat Ettelbréck interesséiert u menge Schwäin. Brauchen déi nach Schwäin? Hunn déi nach iwwerhaapt Kapazitéiten?"

Fir d'Metzler selwer géing d'Decisioun vun der Cobolux hiert Schluechthaus anzestellen den Ament näischt un der Qualitéit an um Präis vum Fleesch änneren, mengt de Vertrieder vun de Lëtzebuerger Metzler-Betriber a President vun der Handwierkerfederatioun, Luc Meyer. Hie gesäit awer een anere Problem.

"Et war e Schluechthaus zu Esch, an der Stad, zu Ettelbréck, an op der Cobolux. Vill Metzler hunn an der Zäit selwer geschluecht an dat ass eben duerch all déi sanitär an Hygiènesoplagen, déi dozou gefouert hunn, datt mir Enn dës Joers just nach ee Schluechthaus hunn zu Lëtzebuerg."

De Luc Meyer ass der Iwwerzeegung, datt elo d'Politik gefuerdert wier.

D'Qualitéit vum Fleesch bleift prioritär

Eng Meenung, déi de President vun der Landwirtschaftskammer, Guy Feyder, deelt.

"Mir verdränge gären, datt ekonomesch Aspekter musse stëmmen, fir datt eng Filière ka fonctionéieren. An dat hei ass jo awer ganz sécher ee Beispill dat dat bedéngt an ech wier frou, wann dat, wat sech elo an der Aktualitéit ronderëm déi Fro dréint, och kéint erginn, datt ee sech op deem Niveau, dee sech duerfir eegent, méi intensiv géif mat der Fro beschäftegen."

D'Qualitéit wier den éischten Usproch un déi Filière an et géing ee ganz gutt oppassen, datt dat och weiderhi garantéiert wier, esou de President vun der Landwirtschaftskammer.

Den Ament wier een och a Gespréicher mat de Responsabele vum Ettelbrécker Schluechthaus a vun der Cobolux.