Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Husky Technologies: 155 Plaze si menacéiert

Industrie Lëtzebuerg

Husky Technologies: 155 Plaze si menacéiert

Wéi d'Gewerkschaften OGBL an LCGB an engem gemeinsame Schreiwes matgedeelt hunn, hätt de kanadesche Betrib Wëlles 155 Aarbechtsplazen zu Diddeleng ofzebauen. Grond fir de Plazen-Ofbau wier iwwerdeems, datt Husky Technologies sech aus dem Spezial-Verschluss-Geschäft zeréck wéilt zéien.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


No der Nouvelle Ufank Mäerz, datt Dupont Teijin Films zu Lëtzebuerg wéilt 160 Aarbechtsplazen ofbauen, riskéieren elo weider 155 Salariéen an der Lëtzebuerger Industrie hir Aarbechtsplaz ze verléieren.

Personaldelegatioun gouf net informéiert

D'Direktioun vun Husky Technologies hätt an de leschte Wochen a Méint awer ëmmer nees verweigert, d'Personaldelegatioun iwwer ee méigleche Plazenofbau ze informéieren, kritiséiert de Paul de Araujo, Gewerkschaftssekretär vum LCGB.

"D'Gesetzgebung gesäit vir, datt d'Personaldelegatioun informéiert gëtt, am Virfeld, iwwer méiglech zukünfteg Schwankungen am Personal. Sief dat Astellungen, sief dat awer och Ofgäng, an dat ass natierlech net geschitt."

D'Delegatioun géing elo einfach virun ee Fait accompli gestallt ginn, datt d'Direktioun decidéiert huet, 155 Plazen ofzebauen.

Gewerkschafte fuerderen ee PME

Ee Sozialplang wier fir den LCGB an och den OGBL keng Optioun ënnersträicht de Paul de Araujo. D'Gewerkschafte fuerderen ee Plan de maintien dans l'emploi (PME) fir déi concernéiert Salariéen. Dat hätt een der Direktioun vun Husky Technologies direkt am Ufank vun der leschter Reunioun kloer gemaach.

"Mir mussen hei onbedéngt ee Plan de maintien op d'Been bréngen. Wat och dem Betrib erlaabt, mat der Ënnerstëtzung dann awer och vun de Ministèren, u sech d'Aarbechtsplazen ofzebauen, ouni awer lo d'Leit mussen ze entloossen."

D'Direktioun vun Husky Technologies hätt sech doropshi bereet gewisen, iwwer d'Méiglechkeet vun engem Aarbechtserhalungsplang ze diskutéieren.

Wirtschafts- an Aarbechtsministère solle mat verhandelen

Den nächste Mëttwoch ass an deem Sënn eng weider Reunioun mat der Direktioun vun Husky Technologies geplangt.

"Notamment fir konkret a präzis Informatiounen ze kréien iwwer d'ekonomesch Situatioun vum Betrib, awer och iwwer d'Zukunft vum Betrib, fir de Grond och richteg ze verstoen, an natierlech dann awer och de ganze soziale Volet, d'Informatiounen ze kréien, wat d'Personal ubelaangt, fir da kënne Verhandlungen unzefänke fir ee PME."

D'Gewerkschafte froen, datt och de Wirtschafts- an Aarbechtsministère bei der Reunioun den nächste Mëttwoch sollen dobäi sinn.