Déi Lénk hu sech op en Neits fir e méi gerechte Steiersystem a géint eng Index-Manipulatioun ausgeschwat. D'Regierung hätt a Saache Steierpolitik versot, esou d'Deputéiert Nathalie Oberweis virun de Ronn 100 Partei-Memberen, déi um Partei-Kongress present waren.
"Desastréis" Zukunftsperspektive fir déi Jonk
Anescht ewéi d'Finanzministesch Yuriko Backes ass d'Nathalie Oberweis der Meenung, et wier Sputt fir eng déifgräifend Steierreform.
"Nämlech andeems déi do uewen endlech hire fairen Undeel u Steiere bezuelen. Well esou wéi de Steiersystem haut opgebaut ass, ass en ongerecht. An et gelt dës Ongerechtegkeeten erauszehuelen an net weiderzeféieren. Elo awer mat der Decisioun keng Steierreform ze maachen, ginn des Ongerechtegkeete weidergefouert."
Och de Co-Spriecher vun déi Lénk, Gary Diderich, huet kee gutt Hoer un der blo-rout-grénger Koalitioun gelooss. D'Zukunftsperspektive fir déi Jonk wieren desastréis an iwwerhaapt géing een am Moment éischter iwwerliewen, ewéi liewen.
Programme d'urgence fir de Logement
Déi Lénk wéisste wéi et anescht geet, esou de Gary Diderich. Am Beräich Logement hätt seng Partei d'lescht Joer ee Programme d'urgence proposéiert.
"Unhand vun deene siwe konkrete Mesurë kéinten d'Gemengen an de Staat elo an direkt an de Krisemodus schalten, a schnell a kuerzfristeg quasi all déi Leit logéieren, déi am Moment urgent op der Sich no enger Wunneng sinn."
Weider stoungen haut um Partei-Kongress vun déi Lénk eng Partie Resolutiounen um Ordre du jour. Am Hibléck op d'Gemengewalen am Juni goung et an der Haaptresolutioun em eng Verbesserung vum ëffentlechen Transport op kommunalem Niveau an em ee garantéierten Accès op Elektrizitéit a Chauffage fir jiddereen. Eng konkret Fuerderung gëtt et a punkto Logement och, seet d'Co-Spriecherin vun déi Lénk, Carole Thoma.
"Datt an all Gemeng mindestens zéng Prozent vun de Wunnengen ëffentlech Lokatiounswunnenge solle si bis 2030."
Oneens bei Statutenännerung
An enger weiderer Resolutioun goung et dorëms sech solidaresch mat de Protester a Frankräich ze weisen iwwer de Wee vun enger Spend. Béid Resolutioune goufe vun der Majoritéit ugeholl.
Net eens war ee sech am Ufank bei enger Statutenännerung fir en Aféiere vun der Paritéit tëscht Fraen a Männer an der National-Koordinatioun. Dat well verschidde Memberen doran eng Aschränkung vun der Basis-Demokratie gesinn. No relativ animéierten Diskussiounen ass d'Motioun um Enn awer mat enger grousser 2/3 Majoritéit ugeholl ginn.