Radioen

On air

Notturno  |  Brendan Eder Ensemble - QX 2021

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gemengen als zentralen Acteur vun der nohalteger Entwécklung

Ureegunge vum Mouvement Ecologique

Gemengen als zentralen Acteur vun der nohalteger Entwécklung

D'Gemenge solle sech als zentralen Acteur vun der nohalteger Entwécklung definéieren an dëst och no bausse kommunizéieren. Dat ass eng vun den Ureegungen déi de Mouvement écologique en Vue vun de Gemengewalen am Juni am Ökozenter am Pafendall presentéiert huet.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Ureegunge wieren zu engem groussen Deel déi selwecht wéi och scho bei de leschte Gemengewale viru sechs Joer. Se wieren awer verschäerft ginn, erkläert d'Presidentin vum Mouvement Écologique, Blanche Weber. Esou misst zum Beispill bei der Biergerbedeelegung op Gemengenniveau par rapport zu haut e Paradigmewiessel geschéie.

Massiv Defiziter trotz Verbesserungen

An de leschte Jore wiere schonn e puer Saache verbessert ginn, mee et géifen awer nach ëmmer wierklech massiv Defiziter ginn. Sou wieren zum Beispill d'Prozesser net moderéiert. Ganz dacks géif et dobäi stoe bleiwen, datt d'Leit hir Wënsch äusseren, mee net driwwer geschwat géif ginn, wat de Wonsch vun der Kollektivitéit wier.

Et wier Zäit dat nach weider ze systematiséiere fënnt d'Meco-Presidentin Blanche Weber. Weider géing sech d'Ëmweltassociatioun wënschen, datt d'Gemenge verstäerkt zesumme schaffen.

Immens vill Saache kënnen an der Gemeinschaft besser geléist ginn. Et si Fortschrëtter geschitt, ma an eisen Aen nach net am néidegen Ausmooss. Also eigentlech bräicht ee jo regional PAGen, regional Mobilitéitskonzepter, Gemengen déi sech doranner ofschwätzen. Et hält jo alles net op de Grenzen op.

Gestalte vu liewegen a klimaresiliente Quartieren

E weidere Punkt deen de Mouvement Écologique a senger Roadmap fir d'Gemengen opgräift ass d'Gestalte vu liewegen a klimaresiliente Quartieren. Déi lescht Jore wiere schonn eng Rei flott Initiativen ergraff ginn. Déi aktuell Entwécklunge vun den Uertschafte géingen awer dacks nach am Widdersproch zu deem stoen.

Bei der Planung vun neie Quartiere géing den Auto nach gréisstendeels am Mëttelpunkt stoen. Fir Beem a Gréngfläche géing wéineg Plaz bleiwen. Dat wier eng problematesch Entwécklung, fënnt d'Michelle Schaltz, Responsabel fir d'Thematik vun de Gréngflächen an den Uertschaften.

De Problem vun ausstierwenden Uertschaftskären

Et wier och problematesch, datt d'Uertschaftskären an d'Liewen am Quartier selwer, amgaangen wiere bëssen auszestierwen. Dat oft wéinst dem Bau vu gréisseren Akafszentren, déi dacks op Wisse gebaut ginn, op déi een och ouni Auto schlecht hi kënnt.

D'Gemenge missten hir Uertschaften a Quartieren deemno esou gestalten - respektiv ëmgestalten - datt nees Liewen an de Quartiere kéint entstoen, esou d'Revendicatioun vum Mouvement écologique.