Radioen

On air

De Moien  |  D’Eemaischen: hir Geschicht an hiert Symbol

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fred Keup: D'ADR ass bereet an eng Regierung ze goen

Chamberwalen 2023

Fred Keup: D'ADR ass bereet an eng Regierung ze goen

De Fred Keup seet, seng Partei kéint sech duerchaus virstellen sech un enger Regierung ze bedeelegen. "Vläicht esouguer dëst Joer schonn", esou den ADR-President am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

De Fred Keup ass Deputéierten a President vun der ADR

Op potentiell Koalitiounspartner ugeschwat, seet de ADR-President seng Partei hätt am meeschte Beréierungspunkte mat der CSV.

"Ech mengen awer, datt mer do mat engem groussen Undeel vun de Leit kéinten zesummeschaffen op verschiddene Punkten, déi am Moment hei am Land awer och ganz wichteg sinn. A wou mer kéinten eng aner Politik maachen, wéi d'Gambia-Parteien dat am Moment maachen. Besonnesch wat d'Famill ugeet, wat d'Schoul ugeet, wat d'Kriminalitéitsbekämpfung ugeet. Do sinn eng ganz Partie Punkten, wou een dat kéint maachen."

De Fred Keup betount, d'ADR wier bereet Kompromësser anzegoe fir an d'Verantwortung ze kommen.

"Mir si konsensfäeg - bis zu engem gewësse Punkt"

Bis elo hätt senges Wëssens och nach keng Partei ausgeschloss, mat der ADR an eng Koalitioun ze goen, seet de President vun der ADR, och wann dat an der Zäit scho mol de Fall war.

"Ech mengen, datt mir mat enger Partie Parteien op ganz ville Punkten eis kéinten eens ginn. An natierlech, ech mengen dat ass de System hei am Land, domadder muss ee liewen: Wann een an eng Regierung kënnt, da muss ee Waasser a säi Wäi schëdden an da muss ee konsensfäeg sinn. An dat wiere mir och dee Moment - bis zu engem gewësse Punkt!"

Op potentiell Koalitiounspartner ugeschwat, sot de ADR-President seng Partei hätt am meeschte Beréierungspunkte mat der CSV. Weider Parteien, déi als Koalitiounspartner a Fro kéime wollt hien net nennen.