Radioen

On air

Notturno  |  Einstürzende Neubauten - Youme & Meyou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jens Kreisel: "Da werden gewaltige Umwälzungen auf uns zukommen"

Uni Lëtzebuerg

Jens Kreisel: "Da werden gewaltige Umwälzungen auf uns zukommen"

De Jens Kreisel wëllt op der uni.lu an dräi Beräicher besonnesch Akzenter setzen: bei der Doktesch- an Infirmiersausbildung, bei der Ëmweltfuerschung, a bei der Digitalisatioun.

auto_stories

3 min

Bei der Digitalisatioun kéime grouss Ännerungen op d'Uni Lëtzebuerg duer, seet de Jens Kreisel. Engersäits sinn dat inhaltlech Ännerungen - Stéchwuert Data science - mee och formal Ännerungen an der Aart a Weis, wéi enseignéiert gëtt.

D'Educatioun vun der Zukunft

Déi klassesch Virliesungen an déi traditionell Seminaire sinn awer net a Gefor, mengt den neie Rektor vun der Uni Lëtzebuerg am 100,7-Interview.

"Werden sie in der gleichen Form bleiben? Das ist eine andere Frage. Und werden sie so dominierend bleiben? Das glaube ich auf gar keinen Fall."

Als Uni misst een ëmmer no vir kucken a gewësse Formater iwwerdenken. De Jens Kreisel kéint sech deemno virstellen, datt et an Zukunft hybrid Modeller wäert ginn.

"Wir werden viel mehr Flexibilität und Personifizierung in der Lehre in der Zukunft haben. Da werden gewaltige Umwälzungen auf uns zukommen, denke ich."

Brauch Lëtzebuerg eng Unisklinik?

Eng vun de Prioritéite vum neie Rektor vun der Uni Lëtzebuerg ass d'Ausbildung vu Personal fir de Gesondheetssecteur. Bräicht Lëtzebuerg dofir eng Unisklinik?

De Jens Kreisel gëtt ze bedenken, datt an anere Länner wuel eng Unisklinik Hand an Hand mat der Fuerschung geet, mee dat net iwwerall de Fall ass.

"Was wichtig ist, ist letztendlich die Qualität: die Qualität der klinischen Forschung und dass eine Universität mit einem Krankenhaus zusammenarbeitet. Ich denke, da ghibt es unterschiedliche Formen über die man nachdenken kann. Und wir haben noch zu anaylsieren und zu entscheiden was die beste Form in Luxemburg ist."

Turbo-Ausbildung fir Quereinsteiger

Fir dem Manktem u Personal an der Educatioun entgéint ze wierken, soll d'Uni Lëtzebuerg op Wonsch vum Educatiounsminister Claude Meisch eng Turbo-Formatioun fir Quereinsteiger ubidden. Wéi passt dat mam Exzellenz-Usproch vun der Uni Lëtzebuerg zesummen?

Datt déi akademesch Fräiheet net onbegrenzt wär, hätt hie souguer zu Oxford erlieft, seet de Jens Kreisel. Hien fënnt et net ongewéinlech, datt d'Politik mat konkrete Wënsch fir bestëmmt Studiegäng oder universitär Formatiounen un d'Uni eruntrëtt, ganz besonnesch net an engem Land, wou et just eng Uni gëtt:

"Ich empfinde diese Anfragen überhaupt nicht als negativ. Ich empfinde es als einen Qualitätsbeweis, dass anerkannt wird, die Universität hat Qualität und Expertise um zu helfen."

An den Ae vum neie Rektor huet d'uni.lu kloer den Optrag, Lëtzebuerg ze hëllefen.

"Und das ist wirklich etwas, das wir auch machen werden. Das bereitet mir überhaupt keine Bauchschmerzen."

De Jens Kreisel gouf offiziell als neie Rektor vun der Uni Lëtzebuerg presentéiert. Hien huet den 1. Januar seng Funktioun offiziell ugetrueden, säi Mandat ass fir fënnef Joer - kann awer nach eng Kéier verlängert ginn.

Zanter 2012 ass de gebiertegen Dortmunder zu Lëtzebuerg, wou hie beim LIST geschafft huet an zanter 2018 Vizerektor vun der uni.lu war.