Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Carole Thoma: Rose wa lénk Parteie keng lénks Politik maachen

No LSAP-Kritik

Carole Thoma: Rose wa lénk Parteie keng lénks Politik maachen

Et wier net eng bewosst Strategie vun déi Lénk, d'LSAP méi schaarf z'attackéiere wéi déi zwou aner Majoritéitsparteien, sou d'Co-Parteispriecherin Carole Thoma vun déi Lénk.

auto_stories

2 min

D'Carole Thoma ass Co-Parteispriecherin vun déi Lénk.

D'Carole Thoma streit awer net of, datt an hirer Ried um Neijoersch-Patt vun der Partei méi spatz Kriticken un de Sozialiste wéi un DP an déi gréng ze héiere waren.

Zum Beispill de Saz: "Mat esou enger bëlleger Sozialdemokratie, wien brauch do nach eng DP?"

Dat wier eng Äntwert op der Paulette Lenert hir Aussoe gewiescht, datt si keng fäerdeg Meenung méi zum Index hätt a si sech enger Diskussioun iwwer eng Deckelung vum Index net géif verschléissen.

Et géif si rose maachen, wa Parteien aus dem lénke Spektrum kengt lénks Politik géife maachen, sou d'Carole Thoma. De "politesche Feind" ass fir déi Lénk awer éischter um "rietse Spektrum" ze fannen.

Rotatiounsprinzip bleift erhalen

Bei de Gemengewalen am Juni wäerten déi Lénk emol sécher an der Stad, zu Esch, zu Déifferdeng, Diddeleng, Suessem a fir d'éischt och zu Péiteng untrieden, sou d'Co-Spriecherin vun der Partei Carole Thoma.

Bei de Chamberwalen am Hierscht da wäerten déi zwee Ex-Deputéiert Marc a Baum an David Wagner nees eemol matgoen, déi an der Halschecht vun der Legislaturperiod vun der Myriam Cecchetti an Nathalie Oberweis ofgeléist goufen. Un deem Rotatiounsprinzip wäerten déi Lénk och an Zukunft weider festhalen, sou d'Carole Thoma. Déi Lénk géife sech keen Zil a Prozenter oder Sëtz fir déi national Wale setzen, se wéilten natierlech awer gestäerkt ginn. Ma net op Käschte vun anere Lénksparteien.