Datt d'KP domat déi selwecht Argumentatioun benotzt, déi och vu riets-populisteschen a riets-extreme Parteie benotzt gëtt, stéiert den KP-President net.
"Wann eng Argumentatioun richteg ass, dann ass se richteg - egal wien domat kënnt. Mir mengen eben - a mir waren och déi Éischt, déi dat gesot hunn, laang virum Ukrainkrich - datt esou Sanktioune schlussendlech dozou féieren, datt et och déi schaffend Leit zu Lëtzebuerg trëfft. An dat ass jo de Moment och de Fall."
KP geet mat komplette Lëschten an d'Chamberwalen
D'Kommunistesch Partei wäert bei de Chamberwalen am Hierscht mat komplette Lëschten an de véier Bezierker untrieden, sou de KPL-President Ali Ruckert.
Dat ass jo och eng vun de Konditiounen, déi een (nieft aneren) erfëlle muss fir an de Genoss vun der staatlecher Parteie-Finanzéierung ze kommen. Aner Krittären erfëllt d'KPL bis elo net, si géif sech eleng mat Membersbäiträg an Donen finanzéieren.
D'KP géif awer keng Suen aus dem Ausland kréien, weder aus Russland, nach aus China "och wann dat ëmmer behaapt ginn ass", sou den Ali Ruckert.