Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'UEL fuerdert méi niddereg Steiere fir d'Betriber

Patronatsverband

D'UEL fuerdert méi niddereg Steiere fir d'Betriber

Wat erwaarden d'Betriber sech am Waljoer 2023 vun der Politik? De Patronatsverband UEL schwätzt sech dofir aus, d'Steiere fir d'Betriber ze reduzéieren. Den UEL-President Michel Reckinger sot de Moien op der Antenn, dat wier eng Mesure mat där ee Lëtzebuerg méi attraktiv fir auslännesch Entreprise kéint maachen.

auto_stories

1 min

De Michel Reckinger ass de President vun der UEL.

Am Moment géife Betriber hei am Land méi Stéiere bezuelen, wéi a verschiddenen aneren EU-Länner, esou de Michel Reckinger. Dat wéissten auslännesch Investisseuren, an dat wier eng Ursaach, fir net op Lëtzebuerg ze kommen:

"An et ass och eng Ursaach firwat een, deen hei ass - bei steigende Präisser, a falender Produktivitéit - fir dann erëm vläicht fort ze goen. Also, do ass sécher eppes ze maachen, fir datt den auslänneschen Investisseur erëm heihinner kënnt."

De Michel Reckinger ass och der Meenung, datt méi niddereg Betribssteieren dem Staat am Endeffekt méi Steier-Recette brénge kéinten, well da méi Betriber op Lëtzebuerg kommen:

"Well wann déi auslännesch Entreprise hei investéiert, a mir ginn hinnen d'Konditioune fir hei ze investéieren, da kommen automatesch Leit mat heihinner, an da gëtt och de Volume vun de Steieropkomme méi grouss."