Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politeschen Afloss vum Staatsrot: President weist Kritik vu sech

Gesetzgebung

Politeschen Afloss vum Staatsrot: President weist Kritik vu sech

De President vum Staatsrot wiert sech géint d'Kritik, datt seng Institutioun Enn d'lescht Joer bewosst e Gesetz ausgebremst hätt. De Christophe Schiltz seet, de Staatsrot hätt der Regierung hire Plang fir d'Ausweise vu Locatairen aus Wunnengen temporär ze verbidden behandelt wéi aner Dossieren och.

auto_stories

1 min

De Christophe Schiltz ass de President vum Staatsrot.

De Staatsrot hätt net méi laang gebraucht ewéi soss fir den Avis zu dem Projet ze verfaassen. An d'Regierung hätt dem Staatsrot och net matgedeelt, datt dee Projet prioritär soll behandelt ginn.

D'Regierung hätt dem Staatsrot am Dezember och nach zwou Prioritéitelëschte matgedeelt, d'Gesetz iwwer forcéiert Expulsiounen hätt awer net dra gestanen. Wann d'Regierung e Projet als prioritär markéiert, géif de Staatsrot sech nämlech dorun halen, esou de Christophe Schiltz.

"Wann d'Regierung seet: Dat do sinn eis Prioritéiten, dann hale mir eis drun. Ech menge mir erfannen net nei Prioritéiten. Ech weess net aus wéi enge Grënn d'Regierung decidéiert hat, deen net op d'Prioritéitelëscht ze setzen. Dat ass och net un eis ze kucken, mir schaffen déi Prioritéitelëscht of, wéi d'Regierung eis se gëtt."