Radioen

On air

De Moien  |  Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Prisong: Eng 250 Prisonéier plënneren op Suessem

Prisongsverwaltung

Neie Prisong: Eng 250 Prisonéier plënneren op Suessem

Zu Suessem um Uerschterhaff gëtt en neie Prisong fir Untersuchungsprisonéier ageweit. Den Direkter vun der Prisongsverwaltung seet, eng 250 Prisonéier sollen an de nächste Woche vu Schraasseg op Suessem geplënnert ginn.

auto_stories

2 min

Spéitstens Mëtt Mäerz wier d'Plënneraktioun ofgeschloss, esou de Serge Legil.

D'Police géif d'Sécherheet wärend dem Transport garantéieren, seet den Direkter vun der Prisongsverwaltung.

"D'Police ass natierlech zoustänneg vum Gesetz hir fir de Gefaangenentransport. An am Besonneschen och elo fir de gruppéierten Transport. Ech mengen et ass evident, datt mer net all Detenu eenzel dohi féieren. Dat kënnt der Iech wuel virstellen. Dat si gruppéiert Transporter, déi ab en nächste Méinde stattfannen. An den allerleschten Transport ass fir Mëtt Mäerz geplangt."

Personal: Méi wéi een Drëttel huet schonn zu Schraasseg geschafft

De Serge Legil betount, d'Prisonéier géifen zu Suessem vu Personal empfaange gi fir datt den Ëmgang mat Prisonéier net ganz nei ass, seet den Direkter vun der Prisongsverwaltung:

"Et ass scho wouer, datt en Deel vun der Ekipp nei ass. Ongeféier 60 Prozent. Mee mir hunn awer opgepasst, datt déi aner 35-40 Prozent aus erfuerene Leit besteet. Dat sinn d'Chef d'Ekippen, d'Kaderpersonal. Et ass elo net esou, datt dat elo fuschneier wieren. Et ass en plus esou, datt jiddwereen, dee mat Gefaangene schafft, schonn eng Formation de base duerchlaf huet."