Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maz Univerze - Hope

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Henri Kox wëllt u Reform vum Loyersgesetz festhalen

Trotz Kritik

Henri Kox wëllt u Reform vum Loyersgesetz festhalen

De Logementsminister Henri Kox wëllt trotz Kriticken un senger Propos festhalen, fir d'Loyersgesetz ze reforméieren. Den Text gesäit ënner anerem vir, datt Proprietäre pro Joer maximal 3,5 Prozent vum Kapital, wat si an eng Wunneng investéiert hunn, däerfen als Loyer verrechnen.

auto_stories

1 min

Bei méi ale Wunnenge soll awer net just d'Kapital wat effektiv an d'Wunneng investéiert gouf berécksiichtegt ginn, mee och d'Wäertsteigerung zanter d'Wunneng kaf gouf.

Den Henri Kox erkläert, datt hie sech fir dee Wee decidéiert huet, well et schonn eng Reform iwwer d'GLS (Gestion locative sociale) géif ginn:

"Dat heescht, et si Wunnenge vu Proprietären, déi si enger Associatioun zur Verfügung stellen. An déi däerfen tëschent 10 an 12 Euro de Quadratmeter froen. Fir en Usporn dofir ze ginn, gi mir deene Proprietären esouguer eng steierlech Bevirdeelegung. De Loyersdeckel, dee mir haut hunn, mat der Formel, déi do applizéiert gëtt, géif dozou féieren, datt dee Loyer, deen dee Proprietär misst froen, esouguer ënner deem géif leie vun der Gestion locative sociale."

Esou Wunnenge géifen awer net méi um Marché bleiwen, esou den Henri Kox, well keen eng Privatproprietéit fir sechs bis siwen Euro pro Quadratmeter wéilt verlounen.