Radioen

On air

Mëttesrascht  |  João Selva, Clea Vincent - Viens Danser

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "E Skandal vu vir bis hannen"

Fussball-WM am Katar

"E Skandal vu vir bis hannen"

Dat villt Geld mécht de Fussball futti: déi Thees hat d'Anne Brasseur 2018 an engem Rapport iwwer d'FIFA fir den Europarot opgestallt. Déi fréier DP-Politikerin ass der Meenung, datt dës Thees sech mat der ëmstriddener WM am Katar och nees eemol confirméiert.

auto_stories

2 min

Dës Woch war um ZDF eng Dokumentatioun ze gesinn, an där de kataresche WM-Ambassadeur Khalid Salman Homosexualitéit als e "mentale Schued" bezeechent. Dës homophob Aussoe ginn elo schaarf kritiséiert.

Bei all Verständnis fir aner Kulturen an Traditioune wier esou eng Ausso net hinzehuelen, sot och déi fréier DP-Politikerin a Sportministesch Anne Brasseur dozou - dëst wier inakzeptabel:

"An de Premierminister Xavier Bettel huet jo och gefrot, datt d'Regierung am Katar sech dovu soll distanzéieren. Ech hu bis elo awer nach net gelies, datt dat geschitt wier. Mee do gesäit een deen État d'esprit."

"E Skandal vu vir bis hannen"

D'Anne Brasseur huet och generell e ganz kritesche Bléck op de Fussball-Business, zanter datt si dem Europarot 2018 e Rapport iwwer d'FIFA virgeluecht hat. Si réit den internationale Sportverbänn ewéi der FIFA an dem IOC (International Olympic Committee), nees vun dem Gigantismus fortzekommen, dee bei de groussen Evenementer zur Reegel ginn ass.

Wat d'Olympesch Spiller 2024 zu Paräis ugeet, géif si dovun ausgoen an hoffen, datt d'Spiller e Succès ginn. Mee d'Anne Brasseur ënnersträicht och, datt den IOC sech misst bewosst ginn, datt ee misst e Schrack zeréckgoen a sech misst méi op de Sport an net op d'Show konzentréieren.

An deem Kontext heescht d'Anne Brasseur et och zegutt, datt zu Paräis fir d'Olympesch Spiller bestoend Infrastrukture benotzt ginn, wat am Katar bei der Fussball-WM net de Fall ass:

"Datt an enger Wüüst op eemol vill Infrastrukturen [musse gebaut ginn], déi och nach musse klimatiséiert ginn... Also et ass e Skandal vu vir bis hannen, wat do geschitt am Katar."