Déi normal Vitess vun enger Sproochnoriicht kann ee sech als Teenager bal net leeschten. Just d'Kolleege wëssen, wéi ee schwätzt a kommen direkt op de Punkt. Déi meescht Elteren awer wëssen dat net. Si schwätze vill ze laang a vill ze lues. Mee zum Gléck gëtt et de Fast Playback feature vu whatsapp. Domadder kann een d'Sproochnoriichten an der duebeler Geschwindegkeet lauschteren. D'Mamm schwätzt dann zwar wéi eng Mickeymouse, mee dat mat dem néidegen Tempo.
An Zäiten, wou mir Erwuessener an de Yoga ginn an eist Liewen entschleunegen, ginn déi Jonk décke Gas, net just mam Skateboard, mee virun allem mam Smartphone. An déi grouss Tech-Konzerner hëllefen hinnen dobäi.
Am léifste kuerz a séier Formater
Net just op whatsapp, och op Youtube gëtt et e Speed-Tool fir datt d'Filmer méi Wuppes kréien. Op "Eent" kucken ass "normal", mee just nach d'Hallschent vun de User kuckt "normal". Déi Jonk kucke léiwer op Zwee, also duebel so schnell. A Youtube mellt aktuell a sengem Blog, datt d'Clienten no der 4-facher Vitess froen.
Dat ideaalt Medium fir eis schnell Kanner awer ass Tiktok. Eng héich Vitesse an eng kuerz Opmierksamkeet ass de Prinzip vun dëser App, kee Wonner, datt Dräi Véierel vun de Jonken zu Lëtzebuerg entretemps op Tiktok sinn. Si scrollen duerch eng endlos Offer vu Clips a kucken am léifste kuerz a knackeg Filmer vu 15 Sekonnen.
"Generatioun Karacho"?
Vill Erwuessener kommen do net mat, mee fir déi Jonk selwer ass Vitess kee grousse Problem. D'Experte vun de Neurosciencen hunn och eng Erklärung dofir. An der Pubertéit ass d'Gehier eng Groussbaustell. D'Kanner fueren emotional Achterbunn a komme Moies net aus dem Bett, mee sproochlech si si scho fréi op high speed. Mat zwielef Joer tippe si am Touchscreen pro Minutt zéng Wieder méi séier wéi hier Elteren, mat Kolleege schwätze si am Stakkato, an den Tutorial an der Mathé leeft natierlech am Turbo. Et kann ee jo op Replay goen, wann een eppes net versteet.
"Generatioun Karacho" nennt d'Süddeutsche Zeitung déi jonk Online-Speedster. Si hu Loscht op Vitess, fir näischt ze verpassen, fir sech net ze langweilen, fir sech ze spieren. A wa se rechtzäiteg bremsen, ass dat net wierklech e Problem.
Net problematesch, wann een heiansdo op d'Brems dréckt
E Problem gëtt et just, wa si keng Brems hunn oder keng Limitte kennen. Eng grenzelos Vitess ass online grad esou geféierlech wéi beim Vëlofueren. Dofir gëtt et Elteren a Pedagogen, déi deene Jonke weisen, datt een och Pause mécht an op sech oppasst.
D'Eltere mussen dofir net esou séier si wéi déi Jonk. Si mussen och Tiktok net super fannen. Mee e bëssi Virwëtz ass awer net schlecht. Ganz éierlech, bei Noriichte vu bestëmmte Leit ass de Speed System vu whatsapp wierklech praktesch.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.