Bei der Reform ginn d'Volete Jugendschutz a Jugendstrofrecht vunenee getrennt an de Parquet, dee bis elo fir béid Voleten zoustänneg war, soll nach just fir d'Jugendstrofrecht zoustänneg sinn. Ëm de Jugendschutz soll sech den ONE, den Office National de l'enfance këmmeren.
D'Justizministerin Sam Tanson versteet deelweis d'Kritik vun der Justiz, mee de Reproche, datt dat en Désavouement vun der Justiz wier, léisst si awer net gëllen. Et hätt een eng prinzipiell Decisioun geholl an sech 2019 als Regierung bei engem Pledge vum UNO-Kannerrechts-Comité och dozou engagéiert:
"Mir maachen eng strikt Trennung tëschent dem Volet Schutz an dem Volet Strofrecht. [...] An dann huet dat natierlech och en Impakt op d'Prozedur an op d'Intervenanten an dëser Prozedur."
Diskussiounen ëm Mindestalter
D'Magistratur plädéiert an hirem Avis derfir, de Mindestalter méi déif unzesetzen oder ganz ewech ze loossen. D'Sam Tanson verdeedegt awer d'Decisioun, fir Kanner vu 14 Joer u penal responsabel ze maachen. Dëst wier vun Experten op der Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser recommandéiert:
"... aus der Iwwerleeung eraus, datt se neuro-wëssenschaftlech Etudë geholl hu wou gekuckt gëtt, ab wéi engem Alter e jonke Mënsch capabel ass d'Konsequenze vu senge Strofdoten ze erkennen, och d'Schold kënnen ze erkennen. An dann ass och vill d'Fro vun der Impulsivitéit, déi an deem Alter anscheinend nach vill méi héich ass."
D'Justizministerin schléisst awer och net aus, punktuell op de kriteschen Avis vun der Justiz zu der Jugendschutz-Reform anzegoen, ouni awer dee fundamentale Punkt vun enger strikter Trennung vu Jugendschutz a Jugendstrofrecht nach eemol a Fro ze stellen.
Extraditioun vum Frank Schneider wäert net kënne verhënnert ginn
De fréiere SREL-Mataarbechter Fränk Schneider soll jo vu Frankräich un d'USA ausgeliwwert ginn, dat wéinst Bedruch an der OneCoin-Affär. D'CSV an d'ADR verlaange vun der Regierung, Drock op Paräis ze maache fir datt d'Premierministesch Elisabeth Borne déi Extraditioun verhënnert.
D'Sam Tanson ass awer der Meenung, datt déi franséisch Premierministesch net derlaanscht kënnt, déi Extraditioun ze ordonéieren. Hir Beamte wären, wéi si sech déi franséisch Texter ugekuckt hunn, zu der Conclusioun komm, datt d'Elisabeth Borne guer kee Spillraum hätt. Net nëmmen, mee och dowéinst, wier d'Opfuederung vun der CSV, bei der franséischer Regierung ze intervenéieren, net ubruecht.
De Xavier Bettel huet iwwerdeem och däitlech gemaach, datt hien net drun denkt, fir d'Extraditioun ze verhënneren. Déi ganz Regierung léich do op enger Linn, sot d'Sam Tanson.