D'Christine Majerus ass frou, datt den Tour de France vun de Fraen dëst Joer vill Opmierksamkeet krut. Et hätt ee gespuert, datt vill Leit sech fir d'Course vun de Fraen interesséiert hunn, esou d'Lëtzebuerger Cyclistin.
Den Tour vun de Fraen ass dëst Joer fir d'éischt zënter Joren nees an e puer Etappe gefuer ginn. Mat aacht Etappe war d'Frae-Course awer e gutt Stéck méi kuerz, wéi déi vun de Männer. Fir d'Christine Majerus ass dat awer keen Zeechen dofir, datt de Cyclistinnen net genuch zougetraut gëtt.
Fir si perséinlech wieren aacht bis zéng Deeg am Fraevëlossport de gréisste Maximum. Et hätt ee kleng Ekippen a mat sechs Coureure wier et zum Beispill extreem schwiereg fir dräi Wochen duerchzefueren, wéi och de leschten Tour de France Femmes gewisen hätt. "No 8 Deeg, ware mir zum Beispill just nach zu 4: Eng Chute, eng Krankheet, an dann ass et schnell geschitt..."