Radioen

On air

De Weekend  |  Van Morrison - Brown Eyed Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëtzewarnungen: Meteolux wëllt seng Warnstufen iwwerschaffen

Klima

Hëtzewarnungen: Meteolux wëllt seng Warnstufen iwwerschaffen

Haut gëllt eng nei Hëtzewarnung vu Meteolux. Dat heescht, datt d'Temperaturen esou héich léien, datt se eng potentiell Gefor fir d'Gesondheet duerstellen. Den Donneschdeg soll et nach e Stéck méi waarm ginn, dofir gëtt d'Warnstuf dann op den Niveau orange eropgeschrauft.

auto_stories

2 min

Meteolux huet dëse Summer schonn e puer mol esou Hëtzewarnungen erausginn. An de Luca Mathias vu Meteolux geet och dovun aus, datt dat an de nächste Joren duerch de Klimawandel méi dacks wäert virkommen. Meteolux géif dofir am Moment och mat der Santé dru schaffen fir d'Warnniveaue méi prezis ze maachen, esou de Meteorolog.

Et hätt een och schonn driwwer nogeduecht, fir d'Hëtzewarnungen ofzeänneren an zum Beispill d'Fiichtegkeet mat a Betruecht ze zéien, well fiicht Loft sech méi waarm ufillt wéi méi dréche Loft.

"Aussergewéinlech" héich Temperaturen

Haut Mëttwoch a muer sollen d'Temperaturen eng weider Kéier iwwer 30 Grad klammen. Dat war dëse Summer schonn e puer mol de Fall - an dat wier duerchaus "aussergewéinlech", esou de Luca Mathias vu Meteolux.

De Meteorolog sot d'Duerchschnettstemperatur vun dësem Joer wier bis elo bal grad esou héich, ewéi an dem wäermste Joer, wat an de leschte 75 Joer hei zu Lëtzebuerg gemooss gouf.

"2020 hate mer eng Temperatur-Moyenne vu Januar bis inklusiv Juli vun 11 Grad. An elo aktuell dëst Joer Januar bis Juli si mer bei 10,9 Grad - dat heescht ongeféier op dem selwechte Niveau wéi 2020 - also dat wäermste Joer wat hei am Land zënter 1947 gemooss gouf."