Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Warpaint - New Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Fonds du Logement wëllt méi Wunnenge bauen

Bezuelbare Wunnraum

De Fonds du Logement wëllt méi Wunnenge bauen

Mëttelfristeg wëllt de Fonds du Logement 150 bis 200 Wunnenge pro Joer bauen an et wieren och genuch Terrainen disponibel fir dat hinzekréien, seet de Jacques Vandivinit. De Fong wier awer och drun intresséiert, fir dat Zil nach weider an d'Luucht ze schrauwen.

auto_stories

2 min

De Jacques Vandivinit war eisen Invité vum Dag.

De Jacques Vandivinit mécht dofir en Appell un d'Gemenge fir sech ze melle fir zesumme Projeten ze entwéckelen, fir nach méi Logementer kënnen op de Marché ze bréngen.

Mat den zwee grousse Projeten "Wunne mat der Wooltz" zu Wolz an "Nei Schmelz" zu Diddeleng, wou am Ganzen 2.500 nei Wunnengen entstinn, wier de Fonds du Logement an den nächsten zéng bis 15 Joer gutt beschäftegt, seet de Jacques Vandivinit, hien ass de Generaldirekter vum Fonds du Logement.

Vun deene Wunnengen an Haiser, déi de Fong an Zukunft baue wëllt, solle just nach 30 Prozent verkaaft ginn (an net méi d'Hallschecht, wéi an der Vergaangenheet) - woubäi de Fonds du Logement d'Virkafsrecht behält, fir de Fall wou de Proprietär enges Dags decidéiere sollt, ze verkafen. Dee kann dat dann iwweregens och net fir egal wéi ee Präis maachen.

Abordabele Wunnraum soll abordabel bleiwen

De Präis géif dem Verkeefer nämlech keng Plus-Value erlaben. De Fong hätt eng vocation sociale, dat heescht e misst dofir suergen, datt d'Immobilie abordabel bleift. Et géif een de Verkeefer awer verschidden Investissementer urechnen, wann déi am Viraus mam Fong ofgeschwat waren.

"An da gëtt et eng mathematesch Formel, déi hëlt den Amortissement, déi hëlt de Constructiounsindex, an da kënnt normalerweis e Montant hannen eraus, no där Zäit wou si do gewunnt hunn, dee plus ou moins dorop erauskënnt wat si deemools bezuelt hunn."