Radioen

On air

Notturno  |  Pentangle - Light Flight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Illegal Loyershaussen: Mieterschutz fuerdert Stäerkung vu Mediatioun

Logement

Illegal Loyershaussen: Mieterschutz fuerdert Stäerkung vu Mediatioun

De President vum Mieterschutz fuedert, datt d'Gemenge méi Méiglechkeete kréie fir ze schlichten, wann et zu Sträit tëscht engem Locataire a sengem Vermieter kënnt. Vill Gemengen hunn och haut scho Loyers-Kommissiounen, déi an esou Fäll solle vermëttelen.

auto_stories

2 min

Dës Kommissioune kéinten awer dacks näischt maachen, wann e Propriétär e Loyer illegal an d'Luucht setzt, esou de Jean-Michel Campanella. Hie fuerdert dofir, datt dës kommunal Schlichtungplazen an Zukunft méi Pouvoir kréien. Eent vun den Ziler wier et, datt Proprietären a Locatairen net esou dacks misste viru Geriicht goen, wat enorm Zäit géif kaschten an een enorm Käschte géif mat sech bréngen, sou de President vum Mieterschutz.

Et géif sech net ëmmer un d'Deckelung vum Loyer gehale ginn

De President vum Mieterschutz seet et géif sech "net esou richteg" un déi aktuell Deckelung vun de Loyere gehale ginn. Am Fong dierfen d'Loyere fir Privatwunnenge bis Enn des Jores net gehéicht ginn. Eng Rei Propriétär géifen awer probéieren, déi Reegel ze ëmgoen, an et wier fir d'Locataire schwéier sech dogéint ze wieren, esou de Jean-Michel Campanella vum Mieterschutz.

Et géifen awer net vill Locataire viru Geriicht goen, well se kee Sträit mat hirem Proprietär wéilte kréien a fir ze vermeiden, datt se virun d'Dier gesat ginn. Verschidde Proprietäre géifen dann einfach uginn, datt se de Logement fir "besoin personel" bräichten.

Et wier an esou Fäll da schwéier ze beweisen, datt d'Wunneng net wierklech fir perséinlech Zwecker benotzt gëtt, mee awer weider verlount gëtt, esou de Jean-Michel Campanella.