Radioen

On air

Notturno  |  Group Listening - Frogs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CGFP: "Eng Modulatioun vum Index gëtt et mat eis elo net"

Am Virfeld vun der Tripartite

CGFP: "Eng Modulatioun vum Index gëtt et mat eis elo net"

D'Staatsbeamtegewerkschaft ass géint all Upassung vum automateschen Index-System fir Gehälter. Et wier een am Moment net bereet driwwer ze diskutéieren d'Indextranchë fir dëst Joer ze limitéieren.

auto_stories

1 min

D'Staatsbeamtegewerkschaft ass géint all Upassung vum automateschen Index-System fir d'Gehälter. De CGFP-President Romain Wolff betount, seng Gewerkschaft wier am Moment net bereet driwwer ze diskutéieren, d'Indextranchë fir dëst Joer ze limitéieren:

"D'Regierung ass jo gewielt. Wa si mengen, si missten dat do elo maachen. Wa si mengen, nodeems mer d'Pandemie mol nach net iwwerstanen hunn, an elo wou och nach de Krich an der Ukrain ass, wat ganz schlëmm ass, wann se elo an der Situatioun och nach den Index menge manipuléieren ze goen, da soll d'Regierung dat maachen. Mee net mat eiser Zoustëmmung."

De Romain Wolff zitt hien eng rout Linn: Wann d'Regierung eppes um Index-System wéilt änneren, da wier keen Tripartite-Accord méiglech:

"Modulatioun, Manipulatioun oder Ofschafe vum Index kënnt fir eis net a Fro. Wann d'Regierung hei gär en Accord hätt - OK! Awer da steet den Index net zur Dispositioun."

D'Gewerkschafte kommen den Dënschdeg Mëtteg mam Patronat an der Regierung an der Tripartite zesummen. D'Patronat wëllt dobäi och iwwer den Index diskutéieren. D'Gewerkschafte gesinn am Moment awer kee Grond dofir.